An den USA spëtzt sech d'Lag vun Dag zu Dag ëmmer méi zou.

Bannent just e puer Deeg huet sech d'Zuel vun den Doudege verduebelt, eleng am Bundesstaat New York, deen aktuell een Hotspot fir de Coronavirus ass, sinn iwwer 700 Mënsche gestuerwen. Am Ganze sinn et iwwer 2.000 Leit, déi bis ewell an den USA um Virus gestuerwe sinn an och d'Zuel vun den Infektioune klëmmt op iwwer 125.000.

Trotzdeem verzicht den amerikanesche President weiderhin op méi drastesch Mesuren, wéi zum Beispill Ausgangsspären. "Eng Quarantän wär net néideg", dat huet den Donald Trump e Samschdeg op Twitter geschriwwen. D'Leit solle vu sech aus op Reese bannent de States verzichten.

De Buergermeeschter vun New York, de Bill de Blasio schléit awer elo op CNN Alarm, dass dat medezinescht Material knapp gëtt. Et kéint ee just nach fir eng Woch de reiwungslosen Oflaf vun de Spideeler an der Milliounen-Metropol garantéieren. Dobäi géing et awer net just ëm Masken, Schutzkleedung an dréngend noutwenneg Beootmungsmaschinne goen. Och dat medezinescht Personal kéint net iwwer Wochen esou schaffen. Et géing sech ufille wéi a Krichszäiten, sou de Buergermeeschter. Restauranten, Bars, Schoulen, Muséeën an de Broadway sinn zou. All d'Bierger goufen opgeruff, doheem ze bleiwen.

De renomméierten amerikanesche Wëssenschaftlecher Anthony Fauci rechent iwwerdeems mat 100 bis 200.000 Covid-19-Doudesfäll eleng an den Vereenegte Staaten. De Chef vum nationalen Institut fir Allergien an Infektiounskrankheeten a Beroder vum Donald Trump huet e Sonndeg dem amerikanesche Sender CNN gesot, dass Prognose vun enger Millioun Doudeger dogéint awer éischter onwarscheinlech wären. Ma Milliounen Infektioune mam Virus wären awer méiglech.