Griichenland
UNO fuerdert, fir Flüchtlingscampen op Inselen ze rauem
Grad elo an der Coronakris wieren dës Campen op de 5 griicheschen Inselen eng Gefor fir d'Gesondheet vun de Leit.
D'Flüchtlingswierk vun der UNO fuerdert, datt d'Flüchtlingscampen op de griicheschen Inselen direkt evakuéiert ginn, fir datt de Coronavirus sech do net breet maache kann. D'Mënsche géife schonn ënnert extrem prekäre Konditiounen do wunnen.
Besonnesch schlëmm wier d'Situatioun op Lesbos. Méiglechkeeten, sech ze wäschen, a Seef géif et nëmmen a klenge Quantitéite ginn. De Moment liewen op 5 griicheschen Inselen, Lesbos, Chios, Samos, Leros a Kos, ronn 40.000 Persounen, wou u sech just Plaz fir 6.000 Mënschen ass.
Am meeschte gelies