Trump dreet China mat "Konsequenzen"
© AFP
An den USA hält sech zanter Deeg d'Thees, dass de SARS-CoV-2 aus engem Fuerschungslabo zu Wuhan stame géint. De Labo weis dogéint d'Reprochë vu sech.
Den US-President Trump huet op en Neits China wéinst der Corona-Pandemie accuséiert a mat Konsequenze gedreet. Den Ausbroch vun der Krankheet hätt a China kënne gestoppt ginn, behaapt den Trump op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus. Well dat net geschitt wier, misst elo déi ganz Welt dorënner leiden. Sollt sech eng Intentioun vu China erausstellen, géing dat Konsequenzen hunn, esou den Trump weider. Hie geheit China dann och nach vir, den Ausmooss vun der Krankheet verstoppt ze hunn. Dobäi kéim, dass Peking US-Experten, wéi et schéngt, verbueden hätt, d'Virgäng op der Plaz ze kontrolléieren.
An der Loft läit dann och de Virworf vu Säite vun den USA, dass den Institut fir Virologie aus dem chineseschen Wuhan, den Ursprong vum Coronavirus kéint sinn. De Fuerschungslabo weist dës Virwërf awer vehement zeréck.
"Ech weess, dass dat onméiglech ass", sot den Direkter vum Institut e Samschdeg engem staatleche chinesesche Sender.
D'Laboranten zu Wuhan hätten d'Prouwe vum neie Virus fir d'éischte Kéier den 30. Dezember kritt, fir en ze analyséieren. Zu deem Zäitpunkt gouf et schonn éischt Fäll vun der Longekrankheet.
D'Informatiounen iwwer de Krankheetserreeger wieren dann den 11. Januar un d'Weltgesondheetsorganisatioun gaangen.
Schonn am Februar hat dëse chinesesche Labo esou Virwërf zeréckgewisen.