Dat geet aus engem Pabeier vun der Weltgesondheetsorganisatioun ervir.

An engem Pabeier vun der WHO heescht et déi meescht Länner op der Welt hätte keng gutt Pandemie-Pläng. Si wiere schlecht bis mëttelméisseg op Epidemië virbereet.

De Spiegel zitéiert aus deem Positiounspabeier, dee fir e Sonndeg ausgeschafft gouf, als Basis fir eng Videokonferenz mat de Gesondheetsminister aus de G20-Länner. Zu deene Länner gehéieren ënnert anerem d'USA, China an Däitschland. D'Presidence huet den Ament Saudi Arabien.

Der WHO no kënnen nëmmen en Drëttel vun de Länner op der Welt feststellen, datt eng Epidemie ausgebrach ass an dann och dorop reagéieren.

An aarme Länner, mat engem schwaache Gesondheetssystem, ass der WHO no domadder ze rechnen, datt de Coronavirus dramatesch Konsequenzen huet.