Et ass ganz warscheinlech, dass de Virus vun engem Déier op de Mënsch iwwergaangen ass, wéi et passéiert ass, ass onkloer, sou d'Fadela Chaib vun der WHO.

D'Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, dass de Coronavirus op natierlechem Wee entstanen ass a net, wéi verschidden Theorien behaapten, an engem Labo entstanen.

Et deit alles drop hin, dass Fliedermais Enn dës Joer a China de Virus an sech gedroen hunn.

An der Lescht war ëmmer nees e Laboratoire zu Wuhan an de Fokus geréckelt, an deem mat Viren experimentéiert gëtt an dee beschëllegt gëtt, den Ursprong vun der Pandemie ze sinn.

D’WHO dementéiert dës Theorie awer elo formell.

RTL