Virun allem China an dem Iran geheit d'Organisatioun vir, Informatiounen ënnerdréckt ze hunn an dëst och nach weider ze maachen.

Ëmmer méi autoritär Regimmer, repressiv Gesetzer, populistesch Stëmmungen an d'Erosioun vun traditionelle Medien-Geschäftsmodeller stellen d'Pressefräiheet weltwäit a Fro, esou Reporter ouni Grenzen. D'Corona-Kris hätt dëst an de leschte Wochen a Méint just nach verstäerkt, esou déi däitsch Porte-Parole Katja Gloger.

Niewent dem Iran oder China ginn awer och Länner wéi Ungarn staark kritiséiert, e Land, dat d'Verbreedung vu falschen Informatiounen a Noriichten am Zesummenhang mat Covid-19 staarkt bestrooft.

An engem Ranking ginn och alleguerten d'Länner matenee verglach, fir ze kucken, wéi et hei mat der Pressefräiheet steet. Fir déi 4. Kéier hannerteneen ass Norwegen un der Spëtzt, dono Finnland, Dänemark, Schweden an Holland. Um Schluss sti Länner wéi Nordkorea, Turkmenistan an Eritrea.

Lëtzebuerg kënnt op déi 17. Plaz, Däitschland op déi 11. Plaz Belsch kënnt op d'Plaz 12 a Frankräich op déi 34. Plaz.

Weider Informatioune ginn et op der Homepage vu Reporter ouni Grenzen.