Op Héichtoure gëtt den Ament weltwäit versicht, Vaccinen an aner Mëttele géint den Erreeger hierzestellen.

D'Verdeelung vu Medikamenter mécht ville Länner Suergen. D'USA wollte sech beispillsweis d'Rechter um Impfstoff vun der Tübinger Firma CureVac exklusiv sécheren, dëst gouf awer ofgeleent. Fir esou handlungen an Zukunft ze verhënneren, gouf e Méindeg op enger UN-Vollversammlung zu New York eestëmmeg fir eng Resolutioun gestëmmt: d'Wierkstoffer géint de Coronavirus solle gerecht verdeelt ginn.

Déi insgesamt 193 Member-Staate fuerderen, dass op "gerecht, transparent, gläichberechtegt an effizient" Manéier d'Medikamenter an alle Länner no Bedarf zur Verfügung gestallt ginn. Dëst gëllt virun allem fir Entwécklungslänner.

Offizielle Chifferen no si weltwäit schonn iwwer 170.220 Mënschen un der Infektioun gestuerwen, ronn zwee Drëttel vun hinne goufen an Europa gemellt. Déi meeschten Doudeger goufen an den USA gezielt mat 42.364 Persounen, op zweeter Plaz Italien mat 24.114 Mënschen op Plaz 3 Spuenien mat 21.282 Doudesaffer.