Hien huet, anescht wéi säin Zwillingsbrudder, déi Spuenesch Gripp an den Zweete Weltkrich iwwerlieft, elo ass den US-Veteran um Coronavirus gestuerwen.

Den 100 Joer ale Philip Kahn wier scho lescht Woch gestuerwen, sou säin Enkel Warren Zysman e Mëttwoch an engem Interview mat CNN. Hie gouf e Méindeg a West Babylon, op Long Island an aller Stëll begruewen.

De Philip Kahn a säin Zwillingsbrudder Samuel waren am Dezember 1919 op d'Welt komm. Nëmme kuerz drop ass de Samuel un der Spuenescher Gripp gestuerwen, déi deemools duerch d'Welt gaangen ass. Duerno hätt de Veteran ëmmer nees dovu geschwat, dass et zu enger Pandemie kéim.
De Kahn war Pilot am Zweete Weltkrich an hat ënner anerem an der Schluecht vun Iwo Jima matgekämpft. Fir säin Asaz gouf hien och e puer Mol ausgezeechent. Schéigeschwat huet hien de Krich dowéinst awer net. "Krich ass schrecklech", sot hien 2017 op sengem 98. Gebuertsdag.

E puer Deeg viru sengem Doud hätt hien nees méi vu säin Zwillingsbrudder geduecht, sou den Enkel.

Dat selwecht Schicksal hat och eng 96 Joer al Fra aus dem texanesche San Antonio. Si ass den 14. Abrëll u Covid-19 gestuerwen an hat duerch déi Spuenesch Gripp hir eeler Schwëster verluer. Déi Gripp gëllt als déi déidlechst Pandemie an der Neizäit. Bis zu 500 Millioune Mënsche hu sech ugestach a 50 Milliounen sinn dru gestuerwen.