Iwwer 4.700 Neiinfektioune goufen an de leschte 24 Stonne a Russland gezielt. A Spuenien waren et der 4.635.

Wat d'Zuele vun den Doudesaffer ugeet, huet et op en Neits d'Belsch* a Spuenien uerg getraff. Bei eisen Nopere sinn 228 Leit dobäikomm, dat bei engem Total vu 6.490 Doudegen an 42.797 Infizéierten. A Spuenien war et nees e Plus vu 440 Doudesaffer op elo 22.157, bei 213.024 Infizéierten. Russland huet 42 Doudeger méi wéi nach den Dag virdrun a klëmmt domadder elo op iwwer 555 Affer bei 62.773 Kranken.

Zu Singapur ginn d'Zuele vun Neiinfektioune weider an d'Luucht. Op en Neits gouf et iwwer 1.000 Neiinfektiounen an engem Dag. Wat Doudesaffer ugeet, läit een allerdéngs just bei 12.

Och a Mexiko ginn d'Zuele weider staark an d'Luucht. De leschten Dag koumen 1.043 Infizéierter dobäi, domadder läit een elo op 10.544. 133 Leit sinn déi leschte Stonnen do gestuerwen, 970 am ganzen.

Weltwäit da gekuckt ginn et aktuell iwwer 2,6 Millioune Fäll, bal 21.000 méi, wéi nach e Mëttwoch. Iwwer 185.000 Leit si bis ewell um Virus gestuerwen, wat e plus vun 1.100 an de leschte 24 Stonnen ass. Erholl hu sech ëm déi 720.000 Infizéierter.

*An der Belsch ginn och Leit, déi gestuerwe sinn an am Verdacht waren, de Coronavirus ze hunn, ouni datt dëst Confirméiert ass, als Corona-Affer gezielt.