Zanter kuerzem gëlle weider Ausnamereegelunge fir Frontalieren, déi tëscht Lëtzebuerg an Däitschland hin- an hierfueren.

Vill Bierger hätte sech an de leschte Woche bei him gemellt, gëtt den CDU-Politiker aus Rheinland-Pfalz Andreas Steier an der däitscher Press zitéiert, duerch déi stënterlech Fermeture vun de Grenze wiere Famillje getrennt ginn an déi medezinesch Behandlung op der jeeweils anerer Säit vun der Grenz wier net méi méiglech.

Elo hätten déi politesch Responsabel vun der däitscher Police verséchert kritt, datt d'Betreiung vu mannerjärege Kanner e valabele Grond ass, fir an Däitschland eriwwerzefueren. Dat selwecht gëllt fir d'Fleeg oder Visitt vu Familljememberen oder och Kiné-Visitten, déi jeeweils op der anerer Säit wunnen.

Och Koppelen, zum Beispill, wou deen een zu Lëtzebuerg an deen aneren an Däitschland wunnt, dierfen zanter kuerzem nees iwwert d'Grenz. Dofir musse d'Leit awer matenee bestuet oder gepacst sinn. Well een eng net offiziell Partnerschaft och net kann noweisen, gëllt dës net als Grond, fir iwwert d'Grenz ze fueren.

Däitschland huet d'Grenzkontrolle mat 6 Länner, dorënner Lëtzebuerg nach emol bis de 4. Mee verlängert. Bis ewell war et just fir Pendler oder Transporter vu Wueren erlaabt, fir iwwert d'Grenz ze fueren. Iwwert all aner Situatioun hunn d'Polizisten op der Plaz missten eenzel decidéieren.

Näischt geännert huet sech awer un der Situatioun, datt Schüler, déi op déi aner Säit vun der Grenz an d'Schoul ginn, dofir en Zertifikat brauchen.