Den negativen Impakt vun der Pandemie op d'amerikanesch Ekonomie an de Chômage ass enorm. Ma den Donald Trump rechent awer mat enger spektakulärer Reprise.

An dat nach an dësem Joer. Dat sot den US-President e Méindeg den Owend.
An och d'nächst Joer géif phänomenal ginn, sou den Trump, dee wëll, datt d'amerikanesch Wirtschaft nees séier, awer sécher opgeet.

Dernieft bleift den Donald Trump och derbäi, datt China d'Pandemie hätt kënnen evitéieren. Mir sinn am gaangen Enquêten ze maachen, mir si net glécklech mat China. Et gi vill Méiglechkeeten China responsabel ze maachen, sou den amerikaneschen President.

Wéi d'Washington Post um Méindeg den Owend gemellt huet, wier den amerikanesche President am Januar a Februar widderholl virun de Gefore vum Coronavirus gewarnt ginn. Dëst wier an den dagdeegleche Briefinge geschitt, déi de President kritt. Weider gëtt geschriwwen, de President géif déi schrëftlech Briefingen dacks guer net liesen a géif sech just e Resumé dovu virliese loossen.