D'Kris wéinst dem Coronavirus ass méi schlëmm wéi d'Terrorattacke vum 11. September a Pearl Harbor. Dat mengt op alle Fall den Donald Trump.

Et wär déi schlëmmsten Attack, mat där d'USA jee ze kämpfen haten.

Bei den Attentater vum 11. September 2001, ënnert anerem op de World Trade Center, ware ronn 3.000 Leit gestuerwen. Bei der japanescher Attack op Pearl Harbor 1941 sinn eng 2.400 Mënschen ëmkomm.

Un de Suitte vum Covid-19 sinn an den USA schonn iwwer 71.000 Mënsche gestuerwen. Weltwäit ginn et méi wéi 257.000 Doudeger an iwwer 3,7 Millioune Persoune hu sech bis ewell offiziell mam Virus ugestach.

Iwwerdeems gouf zu New York fir eng éischte Kéier an hirer Geschicht – an de leschte 50 Joer - de 24-Stonne-Betrib vun der Metro ënnerbrach. All d'Zich an de 472 Statioune si fir ze desinfizéieren aus dem Verkéier gezu ginn.

Stonnelaang ass kee Metro gefuer.

An normalen Zäite fueren all Dag 5 Millioune Leit mat der Metro zu New York, den Ament sinn et iwwer 90% manner.

New York ass jo besonnesch staark vum Coronavirus betraff. Ronn 100 Mataarbechter vum ëffentlechen Transport si schonn u Covid-19 gestuerwen.