Bis e Méindeg goufen iwwer 8.000 Tester op de Coronavirus hei am Land gemaach.

Lëtzebuerg test relativ vill am Verglach mat anere Länner, seet den Dr. Thomas Dentzer, Virolog bei der Santé.

Aktuell sinn et ronn 1.500 Tester den Dag, de Weekend gëtt manner getest. D'Zuel vun den Infizéierten ass staark geklommen, och well d'Zuel vun den Tester staark an d'Luucht gaangen ass.

Dr. Thomas Dentzer, Virolog bei der Santé (2)

Bis ewell ass méi wéi ee Prozent vun der Populatioun getest ginn, domat läit de Grand-Duché an den Top 5 vun de Länner, déi am meeschte Prouwen huelen.

Dr. Thomas Dentzer, Virolog bei der Santé (1)

An Zukunft kéint och d'Zuel vun den Tester, déi gemaach ginn, vun der Santé matgedeelt ginn, fir sech méi e komplett Bild ze maache vun der Situatioun.

Am Ablack ginn déi neisten Zuelen ëmmer owes no hallwer 6 matgedeelt. Et sammelt een d'Date vun den 3 private Laboen, dem Staatslabo a vun de Spideeler.

Wie Symptomer huet – also zum Beispill Féiwer an Houscht – soll getest ginn. Egal ob vulnerabel oder net. Ass een net krank, mécht en Test kee Sënn.

Am Moment kritt een d'Resultat meeschtens nach den Dag selwer.

Dr. Thomas Dentzer, Virolog bei der Santé (3)