Eng Mask ass een zousätzleche Schutz géint de Coronavirus
De Virolog Claude P. Muller betount awer, datt d'Droe vun enger Maske keen Ersatz fir d'Hännwäschen oder Distanz halen ass.
De Coronavirus gëtt virop iwwer "Tröpfcheninfektioun" weider ginn, dofir wier et sënnvoll Masken ze droen, esou de Virolog Claude P. Muller.
Um Internetsite govjobs.lu kënne sech vun elo un och Leit mellen, déi Maske selwer wëlle maachen. D'Lëtzebuerger Regierung huet Commandë lafen, fir esou vill Material ze kréie wéi nëmme méiglech. An den Apdikte gëtt et zanter Woche keng Maske méi ze kafen, vill Leit hunn ugefaangen, sech der selwer ze bitzen oder ze bastelen.
Grad elo an der Situatioun, wou mer zu Lëtzebuerg sinn, mécht et fir de Virolog Sënn, iwwert d'Droe vu Masken ze schwätzen.
Et gëtt vill Méiglechkeeten, fir selwer Masken ze maachen. Beispillsweis kann een eng aus Kichepabeier bastelen. Hei brauch een zwee Blieder Kichepabeier, een Nuesschnappech, 4 Lastiker, e Stéck Kabel, Päsch, e Locher an eng Schéier.