Och d'Begriefnesser si vun de Mesuren an der Lutte géint de Coronavirus impaktéiert.

Wéi den Äerzbistum matdeelt, sinn nëmmen déi nooste Familljemembere fir e Begriefnes zougelooss.

Am Fall, wann eng Persoun verscheet, sinn d'Geeschtlech gehalen, d'Famillje vum Verstuerwenen drop hinzeweisen, datt dës Mesure strikt op de Kierfechter agehalen gëtt. Läichendéngschter nom Begriefnes ginn net gehalen a sinn op e spéideren Ament reportéiert, respektiv wäerten duerch d'6-Wochen-Massen ersat ginn.

De Bistum pocht op d'strikt Respektéiere vun dëse Mesuren, absënns bei Familljen, déi kulturell esou attachéiert sinn, datt eng grouss Participatioun vu Familljen a Frënn op Trauerzeremonien den Normalfall ass.

Dëst misst ënnerbonnen an agehale ginn. An deem Kontext gouf et iwwerdeem de leschte Weekend eng Interventioun vun der Police bei engem Begriefnes an der Fiels, wou déi ganz vill Leit um Kierfecht vun de Beamten hu missten auserneegehale ginn.

De Bistum freet d'Paschtéier och, fir am Trauergespréich drop opmierksam ze maachen, datt d'Doudesannonce am beschten eréischt no der Zeremonie vum Begruewe soll public gemaach ginn.