Et kënnt grad esou vill beieneen un, datt d’Personal am Cargozenter u seng Grenze kënnt a muss opgestockt ginn.

Dofir hat e Mëttwoch de Moien den Transportminister François Bausch mat der Cargolux, Luxairport a mat der Luxair eng Reunioun, fir ze kucken, wéi een den Effektiv vun de Leit, déi d'Cargofligeren auslueden an déi sech ëm d'Logistik këmmeren, kann eropgesat ginn.

Et ginn zum Beispill elo 15 Leit vun CFL-Cargo op de Findel geschéckt, CFL Cargo huet nämlech manner Aarbecht, wéi soss, an och Luxport vu Mäertert huet 7 Persoune gestallt. Vun der WSA, dem Warehouse Service Agency, solle 36 Persounen aus der Logistik eriwwer op der Fluchhafe schaffe kommen.

Luxairport selwer géif och kucken, fir eege Leit aneschters anzesetzen. Et kéint een och net egal wien an de Cargozenter schécken, esou de François Bausch. Et misste Leit sinn, déi Anung vun zum Beispill der Verdeelung hunn. Et kéint awer virkommen, datt deemno wéi, deen een oder anere Fliger méi laang um Buedem stoe bleift, ier en ausgeluede gëtt, well een am Cargozenter esou iwwerbelaascht ass. Et géif een och envisagéieren, Zaldoten ze mobiliséieren, déi am logistesche Service vun der Arméi schaffen.

De Moment si ronn 40 Prozent vun den 1.500 Mataarbechter vu Luxair-Cargo net disponibel. Aus den ënnerschiddlechste Grënn, well se de Congé pour raisons familiales huelen oder zum Beispill zu de Risikogruppe gehéieren.