Et gouf an de soziale Medien en heftege Shitstorm, nodeem d'CSV gefuerdert hat, datt d'Ministere misste perséinlech an d'Kommissioune kommen.

„Mir wëlle konkret Problemer mat der Regierung uschwätzen an direkt Léisunge fannen, fir zesummen aus der Krise ze kommen“. Dat seet d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen, déi déi lescht Woch besonnesch an der Kritik stoung. D'Reaktioune vun de Leit op de soziale Medie wären extrem gewiescht an hätten och wéi gedoen.

Shitstorm géint CSV / Reportage Annick Goerens

Leschte Freideg hat d'CSV, trotz dem aktuellen Etat de crise, jo gefuerdert, dass verschidde Ministere physesch Presenz an de Chamberkommissioune misste weisen. Vill Kommissioune vun den Deputéierte ginn nämlech per Videokonferenz gehalen, ma d'Ministere Schneider, Kersch, Meisch, Bofferding a Cahen goufen a 5 Convocatioune vun der CSV opgefuerdert, fir selwer virstelleg ze ginn.

"Et ass sécher onglécklech gewiescht, dass do 5 Demandë mateneen erausgaange sinn. Mä dat war einfach en Fait, well mir eis jo och elo bal net méi gesinn a mir haten eng Fraktiounssëtzung. A wann ech dat elo kucken, hätte mer et sécherlech missten anescht maachen. Vläicht mol eng maachen an dann déi aner maachen. Dat ass sécherlech onglécklech gelaf. Mä, wéi gesot, mir si just Mënschen. Mä wat fir eis dat wichtegst ass, dass mer gäre géingen hëllefen."

Dëst war also op enger Fraktiounssëtzung vun der CSV zesummen decidéiert ginn. Viséiert op de soziale Medien war duerno awer virun allem d'Fraktiounscheffin selwer.

„Déi Reaktiounen, dat Ganzt huet definitiv wéi gedoen, well et awer och ganz perséinlech Attacke sinn. An et huet virun allem och wéi gedoen, well ech de Virus ganz seriö huelen a well ech dat iwwerall duerchzéien, och heiheem, wat an enger zesummegewierfelter Famill och zu Diskussioune féiert. Mä fir mech an och fir d'CSV, mir haten den Haaptmessage ëmmer ginn, ass wierklech „bleift doheem“ a mir mussen zesumme géint de Virus virgoen an dat ass a bleift och nach ëmmer den Haaptmessage.“

Déi physesch Präsens vu Ministeren an Deputéierten an der Chamber géing natierlech villes vereinfachen a kéint och zu konkrete Resultater féieren.

 „Dir wësst jo och de Premier kënnt all Woch an d'Chamber, fir eis iwwer déi aktuell Situatioun z'informéieren. Och do hu mer scho konstruktiv Virschléi gemaach. Zum Beispill, mir haten dat ugeschwat, dass Eltere mat Suergerecht, dass am Ufank gesot gouf, dass Kanner net dierften bei hire Papp goen, dat ass awer dunn, well mer op de Problem higewisen hunn, well mer an enger Kommissioun waren, konnt dat geännert ginn.“

Jidderee géing ënner Drock stoen. Mä och d'Oppositiounspartei wéilt just konstruktiv mat der Regierung zesummeschaffen, fir Léisungen ze fannen, sou nach d'Martine Hansen.