Am Kader vun de Restriktioune wéinst der Corona-Kris musse Butteker wéi de Liewensmëttelhandel oder och Tankstatiounen, Metzlereien a Bäckereien op sinn.

Zanter dem 17. Mäerz bis dëse Weekend huet d'Gewerbeinspektioun 408 Kontrollen um Terrain gemeet, op an dëse Geschäfter och d'Sécherheets- a Gesondheets-Precautiounen strikt agehale ginn.

Wéi vill Patronen net "en ligne" waren mat den Anti-Virus-Bestëmmungen hunn d'Ministere Lenert, Delles a Kersch iwwerdeem net matgedeelt. Basis war eng urgent parlamentaresch Fro vum Marc Baum vun Déi Lénk.

D'Ministeren preziséieren och, datt vill Butteker d'Zuel vun de Clienten an de Geschäftsraim limitéiert hätten; all aner Geschäfter gi gefrot, dës Limitatiounen och anzeféieren, fir esou de Risk vun Kontaminatioun erofzedrécken.