Déi meescht Verstéiss goufe vu Persoune begaangen, déi sech trotz Verbuet mat anere Leit getraff hunn.

D'Police erënnert nach eng Kéier drun, dass jiddereen doheem bleiwe soll, fir d'Ausbreede vum Virus anzedämmen. All Eenzelen huet eng gewësse Verantwortung a muss seng sozial Kontakter aschränken, betount d'Police op hirem Facebook-Profil.