Deemnächst wäerten op d'mannst d'Plenière-Sëtzunge vum Parlament am Cercle Cité ofgehale ginn, dat wéinst dem Coronavirus.

Hannergrond ass, datt den normale Plenarsall net grouss genuch ass an datt déi néideg Distanzen tëscht den Deputéierten net kënnen agehale ginn.

Et solle schonn Tester am Cercle gi sinn. Elo geet et nach drëm, den néidegen techneschen Equipement en Place ze setzen.

Op der enger Säit hunn d'Regierungsvertrieder d'Parlament méi am Detail iwwer déi aktuell Mesuren informéiert. Op där aner Säit war d'Entrevue awer och d'Geleeënheet, fir d'Oppositioun Proposen ze maachen.

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen: "Mir hunn d'Propose gemaach, fir e Congé familial fir déi Leit, déi Leit doheem fleegen, well den Ament jo kee méi an engem Fleegeheem ugeholl gëtt. D'Regierung huet gesot si géing dat préiwen, si huet et net refuséiert, wat positiv ass."

Extrait Martine Hansen

Et wier net d'Zäit vun de politesche Kontroversen an den Dialog wier gutt, seet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Mat et kéime grouss Problemer op eis duer an do missten elo séier Léisunge fonnt ginn

De Fernand Kartheiser: "Et ass liicht e Land ze bremsen. Et ass awer schwéier déi wirtschaftlech a sozial Aktivitéite progressiv rëm hierzestellen, well och de gesondheetleche Problem wäert bleiwen. Déi wichtegst Decisioun, déi an den nächste Woche geholl muss ginn, ass déi, wéi mer d'Land rëm normaliséieren."

Extrait Fernand Kartheiser

Wat sinn dann d'Zenarien? Wéi gesäit eng eventuell Exit-Strategie aus? Op déi Froe gouf d'Regierung der Chamber e Méindeg nach keng konkret Äntwerten. Et gouf op Aarbechtsgruppe verwisen an deenen den Ament Strategië géingen ausgeschafft ginn.

E Freideg gëtt et eng weider Reunioun an dëser Konstellatioun, an där d'Parlamentarier da weider Informatiounen dierfte kréien.