An der Moyenne passéiere méi ewéi 330 Leit den Dag an de Centres de soins avancés. An der Däichhal waren um Donneschden de Moien 10 Patienten d’Stonn do.

Zanter an der Däichhal zu Ettelbréck leschte Freideg och dee leschte CSA opgemaach huet, sinn am Duerchschnëtt 330 Leit den Dag an dëse véier neie Zentren passéiert. Si ersetze wärend der Kris d'Maisons médicales an d'Cabinete vun de Generalisten.

4 bis 5 Dokteren an Infirmieren an 8 bis 9 Volontaire sinn all Dag zu Ettelbréck am Asaz, d’Patiente kënne vun 8 Auer Moies bis 20 Auer Owes kommen. Dat entweder op Recommandatioun vun hirem Generalist oder, wa si keen Hausdokter hunn, och op Eegeninitiativ.

Si ginn an engem Zelt virun der Däichhal orientéiert, jee nodeem wéi eng Symptomer si hunn. Entweder an déi protegéiert Filière fir potentiell Covid-Patienten oder an déi net protegéiert Filière fir déi aner Patienten. Dës huet bis ewell awer nëmmen 10 bis 15 Prozent  vun de Patienten. Dat léich ënnert anerem drun, datt dës Leit éischter och op d’Téléconsultatioun zréckgräife géifen, esou de Responsabele vun de CSA Pierre Hertz.

Déi potentiell Covid-Patiente kënnen op der Plaz getest ginn, oder awer och direkt an d’Spidol weider orientéiert ginn. Bei der Däichhal ass iwwerdeems, wéi bei deenen anere CSA och, eng Drive-In-Test-Statioun, fir Leit, déi schonn e Rezept vun hirem Dokter hunn. Op der Plaz an all CSA ass och e Psycholog, engersäits fir d’Patienten, déi zum Deel vill Angscht hunn, awer och fir d’Personal an déi Volontairen, déi a ganz ongewinnte Konditiounen am Asaz sinn.

Visitt am CSA Ettelbréck / Reportage Pit Everling