De Medezintechnik-Hiersteller Siemens Healthineers huet e Coronavirus-Test entwéckelt, dat an engem Labo zu Esch.

Den Test ass geduecht fir mëttelgrouss Laboen, esou zum Beispill a Spideeler. Et wéilt een hëllefen, d'Pandemie ze bekämpfen, heescht et vum Sebastian Kronmüller. Nach ass de Produit net vun der Weltgesondheetsorganisatioun unerkannt, ma eng entspriechend Demande gouf un WHO an d'US-Autoritéit FDA geschéckt.

Den Test soll eben hëllefen, de Virus séier ze detektéieren. Entwéckelt gouf e vu Fast Track Diagnostics zu Lëtzebuerg, méi genee zu Esch. Fast Track Diagnostics gouf vu Laboratoire Réunis gegrënnt, awer Enn 2017 vu Siemens opkaaft.

Siemens Healthineers deelt mat, dass den Test schonns an der EU fir Forschungszwecker benotzt gëtt.

Siemens hofft, dass den Test vun der WHO an der FDA séier zougelooss gëtt. Si selwer rechnen domat an den nächste Wochen.

De Medezintechnik-Hiersteller Siemens Healthineers hatt schonn am Januar ugefaangen e Coronavirus-Test a sengem L
Et wier ee positiv agestallt, esou d'Dr. Eugenia Eckstein, Projets-Manager: “Doduerch, datt den aktuelle Wëssensstand iwwert d’Mutatioun vum Virus zimmlech geréng ass, si mir prett, fir am Fall vun enger méiglecher Mutatioun an engem präzisen genetesche Beräich, deen aneren geneteschen Beräich, nach ëmmer ze detektéieren. Dat heescht, datt d’Sensibilitéit vun eisen Tester méi héich ass. Zousätzlech kann eisen Test 21 verschidden Erreeger detektéieren, déi respiratoresch Infektiounen verursaachen.”