E Freideg an der Mëttesstonn ass e Fliger vum franséische Militär um Findel gelant, fir 6 schlëmm infizéiert Patienten op Toulouse ze transportéieren.

D’Groussregioun géif an dësem Zäiten enk zesummeschaffen, schreift Lux-Airport op Twitter.

Déi 6 ganz uerg infizéiert Patienten, ëm déi et sech handelt, goufe vum Samu vun der Moselle a Privatambulanzen op de Findel bruecht. Vun der Grenz zu Zoufftgen u goufe se vum Direkter vum CGDIS an der Police begleet. Um 13.30 Auer si se du mat engem A330 vun der franséischer Arméi op Toulouse geflu ginn.

Eigentlech sollt den Transfert via de Flughafen vun der Lorraine gemaach ginn Wéinst technesche Problemer hätt awer op de Findel missten ëmdisponéiert ginn, mellt de Republicain Lorrain.