D'Lëtzebuerger Fuerschung ass mobiliséiert. Nieft der Prevalenz-Etüd gëtt hei am Land mat enger Stratifikatioun-Etüd e weidere Schwéierpunkt geluecht.

Hei gëtt genee analyséiert, wisou bei verschiddene Patienten d'Krankheet méi schwéier verleeft, wéi bei aneren.

Fir zwou fir d'Land wichteg Etüde goufen elo relativ séier gutt 3 Milliounen Euro mobiliséiert, esou de Marc Schiltz Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche. Déi eng ass eng Prevalenz-Etüd fir ze gesinn, wéi wäit de Virus an der Populatioun verbreet ass. Déi aner eng sougenannte Stratifikatioun-Etüd, hei géif analyséiert ginn, wisou d'Krankheet bei deenen Enge méi mëll verleeft a bei Anere méi schwéier.

Mat 800.000 Euro bedeelegt sech Lëtzebuerg och un engem internationale Konsortium, deen no engem Vaccin sicht.

Zousätzlech Fuerschungsprojete ginn iwwert e Fong vun 2 Milliounen Euro finanzéiert. Op der gemeinsamer Plattform www.lux-covid19.lu kënnen d'Fuerscher Iddien austauschen an et gesäit een, a wéi enge Beräicher scho Projete lafen.

Task-Force mat 14 Aarbechtsgruppen

Fuerschung zu Lëtzebuerg - Reportage Tim Morizet

D’Corona-Pandemie huet weltwäit Auswierkungen op d’Wëssenschaft, dat och zu Lëtzebuerg. Sief dat bei privaten Entreprisen oder der ëffentlecher Recherche. An enger spezieller Task-Force, mat 14 Aarbechtsgruppen, ginn aktuell Äntwerten op d’Froe ronderëm de Coronavirus gesicht.

E Groussdeel vun der regulärer Fuerschung steet stëll. D’Aarbecht an esou munche Laboratoirë rout, wichteg Experimenter goufen ënnerbrach. De Fokus an dësen Zäite läit um Coronavirus.

Marc Schiltz, CEO vum Fond Nationale de la Recherche: “Et muss ee scho soen, datt d’Immobilisatioun enorm ass. Déi meescht Fuerscher hu Projeten ënnerbrach, déi se am Gaang waren ze maachen, fir sech elo komplett op Fuerschungsaarbechten, Etüden a Projeten, déi direkt eppes mat der Epidemie ze dinn hunn, ze konzentréieren.”

Dorënner falen zum Beispill eng ganz Rëtsch Analyse vum sozio-ekonomeschen Impakt vun der Pandemie op Lëtzebuerg a klinesch Etüden.

Ënner anerem géif den Ament och un enger Prevalenz-Etüd geschafft ginn: “Hei geet et drëms erauszefannen, wéi wäit de Virus sech schonn an der Populatioun verbreet huet. Et si jo och ganz vill Fäll, wou Persoune keng Symptomer gewisen hunn, an awer mam Virus infizéiert sinn.”

Bal 3.000 Fuerscher schaffen den Ament zu Lëtzebuerg. De gréissten Deel dovun am ëffentleche Secteur.

An der aktueller Kris hätt sech Zesummenaarbecht bannent der Wëssenschaft grondleeënd verännert, esou de Paul Wilmes, Mikrobiolog beim LCSB op der Uni Lëtzebuerg: “Mir hate bis virun der Kris éischter en Mode de travail, deen op Kompetitioun ausgeluecht war. Dat ass dorop zeréck ze feieren, datt wëssenschaftlech Method éischter dorop baséiert, datt een deem anere seng Saachen a Fro stellt. Mä et ass esou, datt mer iwwert déi 3 lescht Woche ganz konsequent matenee kommunizéiert, koordinéiert a kollaboréiert hunn.”

Et wier virun allem e groussen Atout, datt een an der Fuerschung zu Lëtzebuerg gutt Relatioune mam Ausland huet: “Mir hunn zu Lëtzebuerg Kolleegen aus Japan, China, a Süd-Korea. Mir kréien iwwert si Informatiounen, wéi mir hei am Beschten hätten, mat der Kris ëmzegoen."

Bis ewell goufe 4 Milliounen Euro vum Fond Nationale de la Recherche fir d’Recherche um Coronavirus ausbezuelt. E weidere Budget vun 2 Millioune gouf fir en Appell à Projet op d’Säit gesat.

Fuerschung zu Lëtzebuerg (2) / Reportage Tim Morizet