Arméi ass um Findel an um Härebierg fir eis Gesondheet am Asaz
Zënter e Freideg an nach bis e Méindeg verdeelt d'Arméi, zesumme mat der Chambre des métiers, Masken un d'Handwierksbetriber.
Donieft hëlleft d'Arméi, fir d'Betriber, déi der Chambre de Commerce gehéieren, Masken an Enveloppen ze verpaken. De Premier an den Arméi-Minister waren e Samschdeg bis laanscht kucken.
D'Verdeele vun de Maske gëtt mat engem "Drive-in"-System op engem Parking um Findel gemaach. Nach bis e Méindeg kënnen d'Handwierker d'Maske vu moies 9 bis owes 18 Auer siche goen. Allerdéngs musse se sech ausweise kënnen, datt se eben an engem Handwierksbetrib schaffen.
Fir de Flux vun de Leit besser ze geréieren, ginn d'Betriber gebieden, dem Alphabet no hiert Material sichen ze kommen. E Samschdeg waren et Betriber mat den Ufanksbuschtawe K bis P. E Méindeg ass ee Reserven-Dag virgesi fir déi Betriber, déi an den éischten 3 Deeg d'Equipement net siche konnte kommen.
Fir all Salarié si 5 Maske virgesinn. Mat deem Kit wëll d'Regierung den Handwierksbetriber hëllefen a se ënnerstëtzen. D'Leit appreciéieren d'Aktioun.
Um Härebierg hëlleft d'Arméi 1 Millioun Masken an Enveloppen ze verpaken. Dat fir Betriber, déi manner ewéi 50 Mataarbechter hunn a bei der Chambre de Commerce affiliéiert sinn.
Bei där Aktioun hëllefen eng 130 Zaldoten. Bis ewell goufen 240.000 Masken an Enveloppë verpaakt. Och nach e Sonndeg de ganzen Dag gi Masken an Enveloppë verpaakt.