Eng Petitioun, déi sech un den Educatiounsminister Claude Meisch adresséiert, freet, dass d'Schoulen an d'Lycéeë bis September 2020 sollen zoubleiwen.

Et wier net responsabel, d'Schoulen am Mee nees opzemaachen, wann d'Joer souwisou Mëtt Juli mat der Summervakanz eriwwer wier, heescht et am Text.

D'Petitioun gouf virun 3 Deeg lancéiert a krut bis ewell e groussen Zoulaf. Eng 2.500 Leit hunn dës Fuerderung mat hirer digitaler Ënnerschrëft op der Plattform change.org ënnerstëtzt.

Eng Alternativ, wéi d'Schouljoer da soll evaluéiert ginn, gëtt net direkt gebueden. Ma et heescht awer, dass eng aner Léisung, wéi d'Kanner a Jugendlecher nees an d'Schoul ze schécken, fir dës aussergewéinlech Situatioun misst fonnt.