D'Krankheet ka bei eelere Leit asymptomatesch verlafen. D'Coronavirus-Tester an den Alters- a Fleegeheemer ginn an den nächsten Deeg gemaach.

Dat huet d'Dr. Françoise Berthet vun der Direktioun vun der Santé um Méindeg de Moien op engem Point-presse am Staatslabo zu Diddeleng bekannt ginn.

Tester an Altersheemer/Reportage Eric Ewald

17 Haiser wären affektéiert an ongeféier 170 Residenten infizéiert. Iwwer Doudesaffer an dëse Strukture wär iwwerdeems näischt Geneeës gewosst. Vum Ministère krute mer awer op Nofro hi matgedeelt, dass mëttlerweil 23 Persounen an Alters- oder Fleegeheemer um Virus gestuerwe sinn.

Der Dr. Berthet no wär et ganz wichteg, d'Evolutioun an där Alterskategorie ze suivéieren,

"...qui, comme nous le savons, est particulièrement vulnérable à la maladie. Nous avons des échos de l'étranger qui sont évidemment inquiétants. Mais heureusement, au Luxembourg actuellement, la situation semble relativement bien contrôlée, avec seulement 17 maisons de soins qui sont atteintes, actuellement, par des patients COVID-positifs, et seulement 2% de la population de ces maisons, moins de 2%, pardon, de ces maisons qui ont été testés positifs, avec un nombre croissant de personnes guéries entre-temps."

Dr. Françoise Berthet

Fir d'Haiser an Zukunft ganz progressiv opmaachen ze kënnen, bräicht ee fiabel an objektiv Donnéeën, sou Dr. Berthet, déi sech awer virsiichteg sot, wat sou eng Ouverture ugeet. An enger 1. Phas dierften an den nächsten Deeg awer zum Beispill nees Kinéen eran. Déi ganz Populatioun an den 52-Haiser an d'ganzt Personal, zesummen iwwer 10.000 Leit, gi getest, dofir ginn de Moment am Staatslabo déi néideg Test-Kits zesumme gestallt, eng 1.000 Stéck pro Stonn. Dës Tester ginn iwwregens gemaach, well bei eelere Leit d'Krankheet asymptomatesch verlafe kéint. De Moment wären eng 170 Residenten an Alters- a Fleegeheemer infizéiert, woubäi näischt Geneeës iwwer eventuell Doudesfäll do gewosst wär.

D'Residenten an d'Personal kréien éischt Ofstrécher gemaach „dës Woch nach, warscheinlech virun e Mëttwoch“, wéi et housch, dat vun Ekippe vun der Inspection sanitaire a vum Personal. Et hätt ee sech zu sou Tester decidéiert, well d'Krankheet bei eelere Leit asymptomatesch verlafe kéint, sou d'Dr Berthet; am Fall vun engem positiven Test misst da gekuckt ginn, wou déi concernéiert Persoun hikënnt. Op d'Fro hin, firwat an dësen Haiser elo eréischt flächendeckend getest gëtt, war et dës Äntwert:

„La notion que l'infection pouvait évoluer de manière asymptomatique chez les personnes âgées est plus récente, et donc à la suite de ce constat nous avons pris cette décision!“

Ob iwwert dës Tester eraus nach méi Leit am Land sollte getest ginn, géif och vun de Resultater vun dëser Serie ofhänken, sot de Prof Dr. Friedrich Mühlschlegel, Direkter vum Staatslabo:

"Ich denke aber: Was sich gezeigt hat, ist, dass das Konzept, frühzeitig und auch im grösseren Stil zu testen, erfolgreich ist und erfolgreich war hier in Luxemburg. Und deswegen ist dieses Projekt auch so wichtig für uns, weil, wie Dr. Berthet ja gesagt hat, es sich hier gerade um vulnerable Bevölkerungsgruppen handelt, und da spüren wir eine grosse Verantwortung mitzumachen!"

Prof Dr. Friedrich Mühlschlegel

D'Zil ass et iwwregens, dass d'Resultater vun den Tester an den Alters- a Fleegeheemer nach dee selwechten Dag virléichen.