Enn Mäerz waren 18.398 Persounen op der Sich no enger Aarbecht
© Statec
Dat sinn der 2.728 méi wéi virun engem Joer, wat gläichbedeitend ass mat enger Hausse vu 17,4%. De Chômagetaux am Mäerz 2020 beleeft sech op 6,1%.
Ze erklären ass d'Situatioun wéi gesot duerch de Corona-Virus an duerch d'Confinements-mesuren, déi zënter Mëtt Mäerz gëllen. Betraff si virun allem Interimairen aus dem Konstruktiouns-Secteur.
Well den Aarbechtsmaart den Ament am Ralenti leeft, ass et fir déi Concernéiert och méi schwéier, fir nees aus der Aarbechtslosegkeet erauszekommen.
Derbäi kënnt, datt d'ADEM d'Leit net méi a regelméissegen Ofstänn physesch kann empfänken. Et ass also och méi schwiereg, fir Dossieren ze clôturéieren, normalerweis ginn där pro Mount knapp 3.000 zougemaach, de leschte Mount waren et der grad emol 2.000.
Och d'Beschäftegunsmesurë si gestoppt, op alle Fall hunn zënter Mëtt Mäerz keng nei Leit méi ugefaangen, am Kader vun esou enger Initiativ ze schaffen.
Am Laf vum Mount Mäerz hunn d'Employeuren 2.412 fräi Poste bei der ADEM deklaréiert. Dat ass en décken Drëttel manner wéi zum Beispill am Mount Mäerz 2019.
Do muss ee bedenken, datt méi ewéi 70% vun deene fräie Plazen an der éischter Hallschent vum leschte Mount gemellt goufen, wou d'Confinements-Mesuren also nach net en Place waren.
9.000 Leit kruten iwwerdeems de komplette Chômage ausbezuelt
Sécherlech sinn déi aktuell Entwécklungen op de Coronavirus a seng Konsequenzen zeréckzeféieren.
Allerdéngs war och scho virun der Kris am Februar eng däitlech Chômage-Hausse par Rapport zum Februar zejoert ze notéieren