Weider heescht et, datt net virgesi wier, datt TNS-Ilres Accès op ëffentlech Datebanke kritt...

Bannent kierzter Zäit musse jo 1500 Leit fonnt ginn, déi representativ fir d'ganz erwuesse Populatioun am Land sinn an déi am Kader vun der Corona-Immunitéitstest-Etüd matmaachen.

Fir dëse representative Panel vu Residenten aus dem Land ze fannen, gëtt sech d'"Covid19-Recherche-Task-Force" TNS-Ilres als Partner; wéi et heescht, well dëse Panel et gewinnt ass, online kontaktéiert ze ginn, fir esou an enger kuerzer Zäit representativ Resultater fir d'Con-Vince-Etüd beieneen ze kréien.

Fir dësen Optrag, nämlech e statisteschen Echantillon vun 2000 Leit zur Verfügung ze stellen, ass d'Sondage-Firma Vertragspartner vum Luxembourg Institute of Health a gëtt natierlech duerfir bezuelt.

Dat präziséieren d'Ministere Bettel, Lenert a Meisch op eng entspriechend urgent parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Weider heescht et, datt net virgesi wier, datt TNS-Ilres Accès op ëffentlech Datebanke kritt. Och géifen déi néideg Autorisatioune vum Comité national d'éthique de recherche an dem Santésministère virleien an all Dispositioune vum Dateschutz géife bei der Etüd respektéiert ginn.

Parallel zu der Con Vince Etude, also d'Immuntester via Bluttanalys, ginn och vun e Méindeg un systematesch Tester am Bausecteur gemaach: en Echantillon vun 300 Leit, déi um Bau schaffen, gëtt geholl, fir d'Presenz vum Corona-Virus um Territoire vum Grand-Duché eraus ze fannen.