Fir am Fall vun enger Iwwerlaaschtung vun de Spidolsinfrastrukture goufe jo Enn Mäerz Militär-Zelter vun der Nato aus Italien ageflunn.

D'Arméi huet dës als Feldlazarett virum dem CHL opgeriicht. Nach huet dat Feldlazarett net missen an den Asaz kommen, well genuch Plaz am Spidol selwer ass. Spartanesch wier et, huet d’Medezinesch Direktesch vum CHL Dr. Martine Goergen e Méindeg bei enger Visitt fir d’Press zouginn, allerdéngs wieren d’Better, déi ee vun der Arméi krut, e grousse Luxus, an et géif en am Verglach zum Ausland gutt do stoen.

D'Visitt mam Premier an der Gesondheetsministesch huet fir d'Éischt duerch de Centre de Tri gefouert. Dësen ass och an Nato-Zelter ënnerbruecht. Hei gi Patienten, déi net Covid-suspekt sinn, vun deene mat Symptomer getrennt.
Iwwerdeems déi "gréng" Patienten no der Admissioun an engem éischten Check eriwwer an d'Spidol ginn, geet et fir potentiell Covid-erkrankte Leit bausse weider.

Dr. Marc Simon, Responsabel vun der Urgence: "Da geet een hei duerch den Iwwergang an dat zweet Zelt eriwwer. Do gesäit een nach emol am Detail den Dokter. Dee freet, firwat kommt Dir a probéiert déi ganz Demarche unzekuerbelen. De Patient kritt seng Bluttanalyse, e kritt säi Cardiogramm gemaach a, wann néideg, geet en an de Scanner, dee just hannendrun ass."

Field Hospital CHL / Rep. Claudia Kollwelter

Ronn 2/3 vun de Covid-Patiente mussen nom Scanner hospitaliséiert ginn. An d'Feldlazarett, hannen um Parking vum CHL, huet awer nach kee misse leie kommen. Och hei sinn Zelter fir verschidden Zorte Patiente virgesinn. D’Militär-Zelter, déi vun der NATO aus Italien ageflu goufen, zielen am Ganze 40 Better. Op där enger Säit 10 Stéck fir déi liicht an awer suspekt Fäll, bei deenen nach net all d’Resultater do sinn, an op där anerer 30 Better.

Dr. Martine Goergen:"Do kënne mer d’Patienten och hospitaliséieren. Dat sinn déi Leit, déi Covid-positiv getest sinn, awer éischter déi liicht Patienten, net déi Patienten, déi eng Rea brauchen, mä déi awer eng Surveillance musse kréien."

RTL

© Facebook / CHL

De Patient soll och am Zelt esou kënne behandelt gi wéi an engem normalen Spidolszëmmer:

Dr. Martine Goergen:
"Also hei si ganz normal Soinen, wéi an engem normalen Zëmmer och, wou de Patient awer och mat Sauerstoff ka versuergt ginn. Dofir goufe Leitunge geluecht, datt de Patient Sauerstoff ka kréien. A soss ass alles esou ekipéiert, fir dem Patient seng normal Soine kënnen ze ginn."

Et wier ee gutt preparéiert, ma et hätt ee sech natierlech och fir déi nei Situatioun missen organiséieren:

Dr. Martine Goergen:"Et ass alles organiséiert ginn, wéi vill Dokteren hei géife schaffen, d’Permanencë vun den Infirmièren. D’Soine selwer sinn net ënnerschiddlech, mä t'ass alles opgestallt mat den Ekippen, dat, wann et géif lass goen, mer direkt vun haut op muer kéinten ufänken."

Bis ewell war dat net néideg. Stand Méindeg de Mëtteg si 34 Covid-Patienten am CHL hospitaliséiert. Zuel vun Nei-Infektiounen ass réckleefeg. Ma déi zousätzlech Infrastrukture géife rassuréieren, esou d'Gesondheetsministesch.

Paulette Lenert:"Mir sinn definitiv gutt opgestallt. Wéi der gesitt um Site hei, ass Lëtzebuerg wierklech preparéiert. Verschidde Leit mengen, dat wär vläicht net néideg gewiescht. Wat ech net esou gesinn. Ech mengen, mir hu mat Zäite probéiert, wierklech Zousaz-Infrastrukturen en place ze kréien, fir net an enger Situatioun ze sinn, wéi verschidden Nopeschlänner waren, wou een iwwerrascht, iwwerrullt gëtt."

D'Zelter an d'Material krut Lëtzebuerg vun der Nato gratis zur Verfügung gestallt. Just fir den Transport an eventuelle Schued muss de Staat opkommen. Wann de Coronavirus bis ënner Kontroll ass an d'Feldlazarett net méi gebraucht gëtt, soll d'Material zeréckgeschéckt ginn.

Paulette Lenert iwwert Deconfinement am Gesondheetssecteur

Wéi gesäit den Deconfinement am Gesondheetssecteur aus? Där Fro soll een der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no dës Woch nogoen. Et wier selbstverständlech, datt verschidde Servicer ënner verschidden Oplagen erëm normal funktionéiere missten. Wéi dat ausgesi kann, doru soll dës Woch geschafft ginn:

Paulette Lenert: "Ech si ganz zouversiichtlech, datt mer do zesumme mat der Dokterschaft an de Spideeler e Plang kënnen opstellen, fir och do lues a lues déi Servicer urullen ze loossen, déi ganz wichteg sinn. Et ass kloer, datt et Saache ginn, déi net méi laang wéi eng gewëssen Zäit opzeschiben. Och dat war e Kompromëss, eng Handbrems, fir alles op dat Wesentlecht erofzefueren. Et ass jidderengem am Gesondheetssecteur an am Ministère bewosst, datt dat eng Situatioun ass, déi een net an der Dauer kann esou fueren. Dat ass kloer!"

Et géif intensiv doru geschafft ginn an dat wier an den Ae vun der Gesondheetsministesch och dës Woch de Schwéierpunkt, fir zesumme mat all den Acteuren eng Léisung ze fannen.