Dat den 11. Mee d'Schüler nees sollen an d'Schoul goen, fënnt och den RNP ze fréi. Dës Decisioun misst op wëssenschaftlech a Sécherheets-Fakte baséieren.

Vum 4. Mee u sollen d'Schoule jo nees progressiv hir Dieren opmaachen. Eng ganz Rëtsch Stëmmen a Meenungen hu mer ewell dozou héieren, vun der Nationaler Elteren-Representatioun ass et d'kloer Positioun, datt d'Kanner aus dem 1. Cycle vum Fondamental net méi obligatoresch misste bis zur Summervakanz an d'Schoul goen.

Wëll d'Reegele vun den Distanzen oder dem Droe vu Masken net gutt kéinten agehale ginn, misst et d'Responsabilitéit vun den Eltere sinn, fir d'Kanner, déi nach keng 6 Joer hunn, ze decidéieren, ob si an d'Schoul geschéckt ginn oder net. D'Elterevertriedung ass dann och der Meenung, datt fir den Cycle 1 grad wéi d'Kompetenzzentre sollen d'Schoulcoursë bis zur Summervakanz fakultativ sinn.

Extrait Alain Massen (2)

Alain Massen: "Et ass schwéier, Kanner vu 4 oder 5 Joer dozou ze kréien, fir de Mask unzehalen, fir sech net unzepaken, sech net an den Aarm ze huelen, fir net mateneen ze rolzen, sou dass d'Gefor fir déi Kanner an deem Sënn méi grouss ass, virun allem déi Suergen, déi d'Eltere sech maachen, sou dass mer do wierklech der Meenung sinn, d'Eltere sollen de Choix hunn, ënnert verschiddene Konditiounen eventuell, dass déi Eltere sech engagéiere mat hire Kanner, doheem ze schaffen. Et ass jo net als Vakanz ugesinn an et ass och net ugesinn, datt d'Elteren da kënnen doheem bleiwen an net brauche schaffen ze goen. Mä wann d'Eltere sech ze vill Suerge maachen a si si bereet, déi kleng Kanner selwer Doheem ze betreien, datt een dann déi Gefor net muss agoen."

Fir d'Sozialiséierung an d'Sproochefërderung vun deene Kanner ze garantéieren, missten aner Léisunge fonnt ginn, esou nach den Alain Massen vun der Elterevertriedung. Och fir Kanner mat spezifesche Besoinen oder Stéit, mat vulnerabele Persounen, soll d'Schoul fakultativ si bis de Summer

E weideren Nee vun der Elteren-Vertriedung ass et zum Splitting vun de Klassen, wëll dëst souwuel fir d'Kanner, wéi fir d'Elteren an d'Enseignanten nëmmen schwiereg ze geréieren wier.

Extrait Alain Massen (1)

Alain Massen: "Well dat verhënnert net, datt d'Kanner sech awer iwwert de Wee lafen, och mat de Busse gëtt et eng immens komplizéiert Organisatioun, et ass och fir vill Enseignanten, et muss ee jo och u si denken, déi op där enger Säit Schoul hale mat enger hallwer Klass, op där anerer Säit awer trotzdeem dofir suerge mussen, datt déi aner Hallschent vun der Klass doheem ënnerriicht gëtt. Wann een och vun den Encadrementsstrukture schwätzt, d'Maison relaisen, dann ass et esou, datt, wann d'Eltere schaffen, Kanner do sinn, déi an der Schoul sinn, awer och dann am Nomëtten déi Kanner do sinn, déi u sech an der B-Woch sinn, déi net an der Schoul sinn. An dat gëtt eng riseg Organisatioun fir d'Enseignanten, fir d'Gemengen, fir d'Schoulen a mir sinn net iwwerzeegt, datt dat e groussen Effekt huet."

D'Géigepropositioun vun den Elteren ass, fir d'Coursen an der Grondschoul, mä och an de Lycéeën tëscht 8 an 13 Auer goen ze loossen. Esou kéint och d'Mëttegiessen a Kantinnen oder via Lunch-box iwwerspronge ginn.

Iwwerhaapt ass et fir d'Elterevertriedung kloer, datt de Kalenner vum Opmaachen vun de Schoulen nëmmen duerch wëssenschaftlech Erkenntnesser sollt guidéiert ginn an net duerch ekonomesch oder politesch Consideratiounen.

D'Eltervertriedung bedauert, datt si net ëm hiren Avis gefrot gouf iwwert d'Erëm-Opmaache vun de Schoulen. Mëttlerweil hätt een eng Entrevue mam Educatiounsminister gehat an et géif een hoffen, iert d'Schoul nees ufänkt, Léisungen ze fannen.

D'national Elterevertriedung mat hirer Dosen Membere gouf eréischt am Februar gewielt. President ass den Alain Massen.