Am Prisong zu Schraasseg gëtt et en éischte Fall vun enger Infektioun mam Coronavirus.

Dës RTL-Informatiounen huet d'Prisongs-Administratioun confirméiert.

Wéi et heescht wier de Mann ewell dëse Samschdeg - no senger Arrestatioun - getest ginn.

Bis zum Resultat vum Test war de Mann 9 Stonnen zu Schraasseg a koum och a Kontakt mat Giischtercher - dës goufen doheem an temporär Quarantaine gesat.

Mat anere Prisonéier wier de Covid-Positiven net a Kontakt komm, heescht et.

De Prisonéier selwer ass fir den Ament fir e Corona-Traitement am CHL.

Wat d'Precautiouns-Mesurë géint d'Pandemie ugeet, sou ginn all nei Detenuen a Quarantaine gesat, wa se an de Prisong kommen.