3,5 Millioune Masken, fir all Bierger 5, huet den CGDIS en Donneschden an e Freiden un all 102 Gemengen zu Lëtzebuerg verdeelt.

Laang Deeg waren et de Weekend fir d'Gemengenaarbechter a Fräiwëlleger, déi dës verpak hunn. Offiziell goung et e Méindeg mat der Verdeelung lass.

Déi eng krute hier schonn de Weekend. Fir déi aner, ënner anerem d'Stad Lëtzebuerg, gouf de Weekend um Findel fläisseg verpak. Vun e Méindeg un ass de Mondschutz obligatoresch. Iwwerall, wou eng Distanz vu 2 Meter net kann agehale ginn, muss een deen undoen. Soss mécht ee sech Strofbar. Zur Erënnerung:

Xavier Bettel: Wann Dir an d'Geschäft gitt, wann der eppes akafe gitt, wann der op d'Bank gitt, op d'Post gitt, an Dir hutt manner Kontakt, wéi zwee Meter, ass obligatoresch eng Mask unzehunn. Dat zielt och fir de Maart.

Maske vu verschiddenen Zorte kann een hei notzen, ma och e Schal oder e Buff ass méiglech. Et gëtt e Bild, un dat ee sech an de leschte Woche lues a lues gewinnt huet an dat soubal net wäert verschwannen.

Séier eran, séier eraus. Zemools an de grousse Surfacë, spiert een d'Nervositéit vun de Leit. Se wierke presséiert, wëlle séier Heem. De Mondschutz bréngt awer virun allem eng gewësse Rou, weess d'Patronne vum Pall Center

Christianne Wickler: Et ass virun allem wichteg, fir d'Leit ze berouegen. Hinnen d'Angscht ze huelen. De Moien hu mer gesinn, datt nieft eise Leit och d'Clienten sech un d'Reegelung halen a se wëssen, wéi se sech solle behuelen.

Bis e Freiden hunn d'Gemengen Zäit, hir Masken, 5 op de Kapp, ze verdeelen. An der klengster Gemeng zu Lëtzebuerg, zu Sëll, gouf een e Méindeg am Nomëtteg fäerdeg. Eng knapp 5.000 Maske, fir Ronn 900 Awunner, goufen ausgedeelt. Den Zäitdrock war héich, déi mannste Leit wëlle bis e Freideg op hire Mondschutz waarden. Ma virun allem fir déi méi kleng Gemengen heescht dat Stress, erkläert de Buergermeeschter

Jean Konsbrück: Et feelt eis e bëssen u Leit, well mer nëmmen 3 Gemengenaarbechter hunn. Elo hate mer awer Chance, datt mer hei fräiwëlleg Pompjeeën hunn. Déi hunn hei eng Hand mat ugepaakt. Soss hätt et net esou séier geklappt.

Soss hätt dat net esou séier geklappt. Also net vergiessen den Owend Bréifboîte eidel ze maachen.