Um Dënschdeg war eng konstruktiv Reunioun tëscht den Dokteren op där enger Säit a Vertrieder vun der Santé op der anerer Säit.

Déi medezinesch Aktivitéit an de Praxisse misst nees lues a lues ulafen. D'Léisunge géifen um Dësch leien. Si mussen awer nach vun der Gesondheetsministesch ofgeseent ginn, déi bei der Reunioun net konnt derbäi sinn.

Fir d'éischt sollen nees d'Consultatioun an den Doktesch-Cabineten méiglech sinn an dono och Operatiounen an de Spideeler.

An Aarbechtsgruppe mussen nach Detailer fir eenzel Spezialiste gekläert ginn, zum Beispill fir d'Zänndokteren. Déi brauche méi e spezielle Schutz – ënnert anerem Protektiouns-Blusen a Visièren - well si direkt am Mond vun de Patiente schaffen.

D'Gesondheetsministesch stellt sech hannert hire Santésdirekter

De Jean-Claude Schmit wier a sengem Rôle gewiescht, wéi en d'Dokterschaft per Circulaire un d'Reegele wärend dem Etat de Crise erënnert huet.

D'Doktesch- an Zänndokteschgewerkschaft AMMD huet sech um Toun vun dëser Circulaire gestéiert. D'Santésdirektioun hätt an de leschte Wochen eng Rei Reklamatiounen erakrut wéinst Dokteren, déi sech net un d'Krisemesure gehalen hätten an dofir wier et wichteg gewiescht, dës ze rappelléieren, esou d'Paulette Lenert.

Paulette Lenert an der Chamberkommissioun

D'LSAP-Gesondheetsministesch war um Dënschdeg de Moien och an der zoustänneger Chamberkommissioun. Op Demande vun den Deputéierten huet si hei annoncéiert, datt an Zukunft soll präziséiert ginn, wéi vill Leit d'Infektioun mam Coronavirus iwwerstanen hunn an och wéi vill Leit net eleng wéinst der Covid-19 Krankheet, mee u méi verschiddene Krankheete gestuerwe sinn.

Eng Persoun huet d'Quarantän bis elo formell kontestéiert - déi Informatioun gouf et och nach an der Chamber-Santéskommissioun en Dënschdeg de Moien. Am Allgemenge géifen d'Leit sech gutt un d'Mesuren halen, esou d'Ministesch.

AMMD vs Santé

„Et war de falsche Bréif, zum falschen Zäitpunkt mam falsche Message...“...d'Doktere sinn den Ament guer net frou mat der Santé.

Schonn d'lescht Woch hat d'AMMD - d'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren - eng Entrevue gefrot, fir progressiv nees normal ze schaffen.

E Méindeg kruten d'Doktere wéi si fannen en „onpassende“ Bréif vum Direkter vun der Santé. Dee kritiséiert, datt verschidden Doktesch-Cabineten nees opgemaach hätten an dreet mat Sanktiounen a Kontrollen.

D'Dokteren, Zänndokteren an d'Veterinären däerfen elo an der Corona-Kris just Patiente behandelen, wann e ganz eeschte Gesondheetsproblem virläit oder eng Urgence. Dorunner huet den Direkter vun der Santé d'Dokteren e Méindeg erënnert.

Eenzel Cabineten hätten awer nees opgemaach a géifen „normal“ schaffen. Dofir kréie si de béise Fanger gemaach. D'Santé erënnert u Sanktiounen, déi virgesi sinn an Agente vun der Santé, déi och de Statut vun der Police Judiciaire hunn, kéinten um Terrain Kontrolle maachen.

D'AMMD ass guer net begeeschtert vun deem Message a vum Toun vum Bréif, seet den Dr. Philippe Wilmes, Vizepresident vun der Dokteschassociatioun.

Si hätte virun engem Mount all déi néideg Mesurë matgedroen, mä elo misst een d'Situatioun nei kucken.

Dr. Philippe Wilmes: „Haut si mer awer an enger ganz anerer Phase, haut si mer an enger Phase, wou mer gesinn, datt mer de Virus ënner Kontroll kënne kréien. Mir mussen elo dofir suergen, datt net eis Gesamtpopulatioun a jiddfer Eenzelnen doduerch datt um medezinesche Plang näischt geschitt méi e grousse Schued dovunner dréit, wéi wann en de Virus géif kréien.“

Just „ganz eescht Problemer“ oder „Urgencen“ dierfte behandelt ginn...wat ass dat genee? Och dat wär schwiereg, gëtt den Dr. Wilmes ze bedenken.

Dr. Philippe Wilmes: „Eppes wat virun engem Mount als net-urgent agestuuft gouf, ass et mëttlerweil, well laang gewaart gouf.Dat kënne Gefässer sinn, déi am gaange sinn zouzegoen. Dat kann awer och eppes méi Banales sinn wéi eng Arthrose vum Knéi, eng staark Entzündung, wou de Patient lo säit engem Mount mat Anti-Inflammatoiren gehandelt gëtt an eventuell riskéiert e Moschwier ze maachen.Et ass awer fir d'Patienten iergendwann urgent, wa se säit engem Mount hiren Dokter net gesinn hunn an awer e Besoin empfannen fir eng Consultatioun.“

Reaktioun Mars Di Bartolomeo

De Sträit tëschent der AMMD an der Santésdirektioun war dann och Thema an der zoustänneger Chamberkommissioun en Dënschdeg de Moien. Et hätt een hei festgestallt, datt d'Majoritéit vun den Doktere sech exemplaresch un d'Virschrëfte géifen halen, esou de President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo. Ma et géifen och Ausname ginn, an un déi hätt d'Santésdirektioun sech wëllen adresséieren.

Mars Di Bartolomeo: "D'Fro kann ee sech stellen op een dann eng Circulaire muss machen oder ee Ross und Reiter soll nennen. Mee bon, dat wat kloer ass, an dat ass och aus den Aussoen vun der Direktioun vun der Santé erausgaangen, dat ass dass all déi, déi sech exemplaresch an där Kris verhalen hunn net viséiert waren an sech och net viséiert solle spieren, mee dass déi, déi sech net dru gehalen hunn, dass déi solle verstoen dass an esou enger Kris net sech un d'Spillregelen halen net nëmme geféierlech ass, mee och net fair vis-à-vis vun de Kollegen déi sech drun halen."

An der Chamber-Gesondheetskommissioun gouf, per Videokonferenz, de Point iwwert déi aktuell Situatioun gemaach. Do hätt een ënnert anerem festgehalen, datt et wichteg wier an Zukunft méi e grousse Stock u Material ze hunn. D'Diskussioun wier "extrem konstruktiv" gewiescht, esou de Mars Di Bartolomeo.