Corona-Pandemie
Grand-Duc Henri op Visitt an der Logistik-Cellule vum Krisenzenter
© Armée luxembourgeoise
Bei der Visitt an der Logistik-Cellule vum Krisenzenter war och de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert mat dobäi.
De Staatschef huet sech do d’Organisatioun an de Fonctionnement vun där Cellule erkläre gelooss, déi jo zoustänneg ass, dass et um nationale Plang net zu engem Enkpass an de Stocke kënnt, vu Materialien, déi elo dringend gebraucht ginn. Sief et Schutzmasken, Medikamenter oder anert medezinescht Material.
PDF: Schreiwes vun der Cour grand-ducale
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies