Zuel vun neie confirméierte Covid-19-Infektioune geet erof, dat spieren och d'Spideeler.

An engems ginn d'Stëmmen ëmmer méi haart fir en Déconfinement och am Gesondheetsberäich. D'Raphaëlle Dickes war en Dënschdeg fir eis am CHL de Bols fillen, deem Spidol, an deem déi éischt Corona-Patiente behandelt goufen. D'Intensivstatioun am CHL ass zanter Woche just nach fir Covid-19-Patiente reservéiert. An der Reanimatioun huet d'Situatioun sech berouegt. Nach 7 Corona-Patienten an 3, déi kéinte positiv sinn, ginn elo hei betreit.

"Mir hunn eis Covid-Patienten, déi mer elo säit bal iwwer 30 Deeg behandelen. Eng Rei, déi mer schonn erëm erauskruten aus der Reanimatioun, eng Rei, déi nach hei sinn. Mir hu lo scho säit enger Woch keng nei Admissioun méi gemaach, dat heescht d'Situatioun ass ënner Kontroll.", esou den Dr. Christophe Werer, de Chef vun der Reanimatioun.

Patienten, déi aus der Reanimatioun entlooss ginn an déi, déi keng Intensiv-Soine brauchen, kënnen hei an der Pneumologie ënnerbruecht ginn. Eng vu 4 Unitéiten am CHL, déi ëmorganiséiert gouf, fir exklusiv Kranker mat Coronavirus ze behandelen. Hei dierf just d'Personal eran, dat ënner strengste Schutzmoossnamen. Ëmsou méi beléift ass de Spidols-Tablett, fir mat Famill a Frënn a Kontakt ze bleiwen.

"Elles m'appellent même d'Afrique pour me dire "tu est là, on va remercier le bon Dieu". Et pour moi, ça c'est un cadeau.", esou d'Schwëster Luciana.

Wéinst der grousser Nofro mussen d'Patiente Rendez-vousen huelen, fir ze skypen. An d'Tablet huet sech och schonn an anere Situatiounen als nëtzlech erwisen.

"Si par exemple on est en visite avec le médecin, on voit que la famille est très anxieuse, on a aussi une psychologue qui prend contact en ligne avec la famille. On a fait la messe de Pâques avec la famille, on a fait des sacréments de fin de vie avec la famille via ipad.", esou Louise Koho-Kitenge, responsabel Infirmière Pneumologie.

Och hei um Stack kann ee sou lues nees opootmen. Zu Spëtzenzäite waren hei 23 Corona-Patienten, deels zu zwee an zwee an den Zëmmeren, haut sinn et der just nach 16. Hoffnung kënnt op.

"C'est stable. On commence même à penser sortir de cette situation. Pas de manière trop rapide, mais quand-même c'est dans les têtes de toute l'équipe de l'hôpital. C'est une démarche qui se fait de manière sereine.", esou nach d'Louise Koho-Kitenge.

Eng Demarche, déi warscheinlech och néideg ass, fir nees méi Patiente mat aneren urgente Problemer an d'Spidol ze kréien. Besonnesch am Ufank vum Confinement wären déi net méi komm.

"Mir hu bal keng Embolië méi gesinn, mir hu keng Patiente mat neiem Longekriibs gesinn, d'Neurologen hu keng Patiente mat Hiereschlag méi gesinn. All déi normal Krankheetsbiller, déi am Alldag an enger Polyclinique ukommen an déi Urgencë sinn, déi ware verschwonnen.", esou den Dr. Gil Wirtz.

Dat géif sech elo lues a lues nees änneren, sou datt och nees méi Leit wéinst anere Longekränkten hospitaliséiert wären. Allerdéngs op anere Stäck. Dat wär net optimal. Dofir géif ee kucken, fir an den nächsten 10 Deeg nees e richtege Pneumologie-Service op d'Been ze stellen.

"Fir dass mer do erëm alles beieneen hunn an alles gutt funktionéiert. An effektiv och déi ambulatoresch Consultatioune musse lo nees lues a lues ufänken.", esou nach den Dr. Gil Wirtz.

Och op der Reanimatioun wëll een nees e klengen Deel vun der Statioun fir Patienten ouni Coronavirus opmaachen. Vu datt den Ament 8 vun 10 Better eidel stinn an d'Zuel vun Nei-Infektiounen erofgeet, wär dat méiglech.

"An da kënne mer och déi Leit behandelen an erëm déi normal Saachen ufänken, Operatiounen nees ufänken esoubal et geet. Mir si flexibel. A wa mer gesinn, dass duerch den Déconfinement, deen dobausse lo geschitt, dass mer do nees méi Patiente kréien, da schalte mer erëm ëm.", betount den Dr. Christophe Werer.

Datt eng zweet Well vun Infektioune kënnt, do sinn d'Medezinner sech eens. D'Fro ass just, wéi uerg se gëtt. Ma bis et esouwäit ass, sollen och déi aner Patienten nees méi am Fokus stoen.