D'Regierung denkt driwwer no, fir sech e Pandemie-Gesetz ze ginn, wou eng Rei Reegele sollen definéiert ginn.

De Police- an Arméiminster François Bausch huet der zoustänneger Chamberkommissioun dat um Donneschdeg matgedeelt. Mat dësem Gesetz soll evitéiert ginn, datt mer eis nach laang am Etat de crise befannen, dee jo strikt Limitatioune mat sech bréngt.

Chamberkommissioun Sécurité intérieure/Rep. Pit Everling

"Dat hei ass en Zoustand, an deem d'Regierung net wëll sinn. Mir si rechtsstaatlech gesinn net an engem demokrateschen Zoustand.", erkläert de grénge Minister.

Weider war et d'Informatioun, datt e medezinescht Militärzelt, wéi et grad beim CHL steet, soll kaaft gi fir d'Zukunft.

"Dat ass eng héichwäerteg Struktur an et ass derwäert, datt mer sou eng am Land hunn, dofir wäert ech proposéieren, fir sou eng ze kafen.", betount de François Bausch.

Derbäi kommen Iwwerleeungen, fir eng Zort Militärspidol opzeriichten.

D'CSV fir hiren Deel huet d'Fro gestallt, op wat fir enger legaler Basis Lëtzebuerger Douanieren Ausreesen a Richtung Däitschland kontrolléieren.

"Et ass eis gesot ginn, datt op d'mannst am Ufank Fichieren ugeluecht goufe vu Leit, déi erausgefuer sinn.", esou den Deputéierte Léon Gloden.

Hei gëtt elo op eng Äntwert vum Finanzminister Pierre Gramegna gewaart. Op alle Fall misst weider Drock gemaach ginn, wat déi zouen däitsch Grenzen ugeet.

"Ech bedauere besonnesch, datt een an deem hei Dossier näischt vun der Groussregiounsministesch Corinne Cahen géing héieren."

Fir de Léon Gloden sollt op europäeschem Niveau decidéiert ginn, datt och a Pandemies-Zäite keng sou eng Situatioun mat Grenzkontrolle méi antrieden dierf.

5.000 Police-Kontrollen an de leschte 5 Wochen

An de leschte 5 Wochen huet d'Police 5.000 Kontrolle gemaach. Et goufen 1.600 avertissements taxés, well Leit sech net un d'Reegele gehalen hunn. Derbäi komme 60 Protokoller, well zum Beispill Geschäfter oder Chantieren ophaten.

De Minister präziséiert op dëser Plaz, datt Motorradfueren zu Fräizäitzwecker erlaabt ass an datt ee sech och mam Auto op eng Plaz kann deplacéieren, fir da vun do aus spadséieren ze goen.

"Mir sinn an enger änlecher Situatioun wéi beim Vëlo. Beim Motocyclist, dee jo eleng fiert a mam Casque, besteet elo net de grousse Risiko, dat kéint een sou interpretéieren." huet de François Bausch erkläert.

D'Maskenobligatioun gouf dës Woch nach net kontrolléiert, vun der nächster Woch u soll dat awer gemaach ginn.

Déi ganz grouss Majoritéit vun de Leit géing iwwregens déi aktuell Reegele respektéieren, sou nach de Minister François Bausch am RTL-Interview.