Ried zur Lag vun der Natioun ass 3 Méint no hanne verréckelt
© Chambre des Députés
Wéinst der Pandemie ass d'Declaratioun vum Staatsminister iwwert den Etat de la Nation net wéi soss am Mee, ma gëtt ëm 3 Méint no hanne verréckelt.
Um Freideg waren de Premier Xavier Bettel an den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit an der Chamber, fir mat der Conférence des Présidents ee leschte Point ze maachen.
Déi nächst ëffentlech Chambersitzunge si réischt an der Woch vum 4. Mee. Den nationale Reformprogramm an de Stabilitéitsprogramm, also d'wirtschaftlech Previsiounen fir déi nächst Joren, déi bis den 30. Abrëll spéitstens op Bréissel geschéckt musse ginn, ginn déi aner Woch per Videokonferenz an den zoustännege Kommissioune presentéiert. Op Basis vun dësen nationale Chifferen a politeschen Ausriichtungen formuléiert d'Kommissioun jo hir national Recommandatiounen. Reform- a Stabilitéitsprogramm ginn normalerweis mam Etat de la Nation ëffentlech presentéiert.
Wéi gesot ass dës Ried awer wéinst dem Covid-19 decaléiert an ass fir am Juli geplangt.
Eng Rei Deputéiert hu gefrot, fir d'Resultater vu verschiddenen Etuden iwwert de Coronavirus zu Lëtzebuerg ze kréien. All Etuden an Chiffere missten automatesch communiquéiert ginn.