Mam progressiven Deconfinement hei am Land zirkuléieren nees vill vun deenen 48.000 belsche Frontalieren, déi am Grand-Duché schaffen.

Doropshin intensivéiert déi belsch Police hir Kontrollen: D'Strooss gëtt ëmgeleet, fir datt d'Police sécherstelle kann, datt all d'Automobiliste berechtegt Grënn hunn fir ze zirkuléieren. D'Leit déi sech net un d'Reglement halen, gi mat enger Geldstrof vun 250 Euro, pro Persoun am Won, bestrooft.

Déi belsch Douane kontrolléiert d'Malle vu de Autoen, fir déi transportéiert Wueren z'iwwerpréiwen. Well d'Leit aus dem Bausecteur hei am Land nees ugefaangen hu mat schaffen, sinn nees méi Camionnetten op de Stroossen an op der Grenz ënnerwee.

Strofdote sinn allerdéngs seelen - d'Majoritéit vu de Chauffeuren deplacéiert sech aus wichtege Grënn.

Dës Autobunn an der Géigend vun Arel zielt zu deenen an der Belsch, wou am meeschte Verkéier ass. Se gëtt normalerweis vu 45.000 Ween pro Dag benotzt.