Petitioun, fir dat Schoule bis September zoubléiwen, muss diskutéiert ginn
Allerdéngs leeft d'Petitioun nach bis de 6. Juni a kënnt deemno ze spéit, wann elo am Mee d'Schoulen no an no sollen opgoen.
Eng Petitioun, déi fuerdert, dass d'Schoulen net viru September erëm sollen opgoen, an déi eréischt virun e puer Deeg Online gaangen ass, huet elo scho ronn 5.480 Ënnerschrëften an domat dee néidege Quorum erreecht, fir an der Chamber mussen diskutéiert ze ginn.
Géintiwwer dem Lëtzebuerger Wort huet d'Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun zwar gesot, et géif een am Laf vun der Woch nach eng Kéier doriwwer schwätzen, wéi ee mat dëser Situatioun wéilt ëmgoen, ma et wier een sech awer och eens gewiescht, dass een d'Prozeduren net einfach géif iwwer Bord geheien. Allerdéngs rechent d'CSV-Deputéiert domat, dass et och onofhängeg vun där Petitioun an der Chamber en Debat zu deem Sujet wäert ginn.
Parallel leeft um net-staatleche Site change.org déi selwecht Petitioun. Hei krut d'Uleies scho méi wéi 16.000 Ënnerschrëften. Donieft leeft awer och eng op dem genannte Site, deen Ënnerschrëfte sammelt, fir d'Entscheedung vun der Regierung ze ënnerstëtzen.