RTL-Informatiounen no, ass de Fliger vu Zhenghzou a China komm.

Am Laf vun der Woch sollen nach zwee weider Volle mat medezineschem Material zu Lëtzebuerg ukommen. Tëscht Mëtt Mäerz a Mëtt Abrëll huet d'Cargolux eleng fir Lëtzebuerg scho knapp 770 Tonne medezinescht Material op de Findel bruecht. Dat si ronn 1,3 Kilo pro Awunner.

Ma net all Liwwerung bréngt och dat, wat drop steet. A China hunn d'Autoritéite bis ewell scho knapp 90 Millioune Maske confisquéiert, déi net déi néideg Qualitéit haten. Beamten hätten iwwerdeems bal 16 Milliounen Entreprisen iwwerpréift a grouss Quantitéiten un Desinfektiounsmëttel, dat net wierkt, confisquéiert, heescht et vun engem Regierungsspriecher.

Déi franséisch Police huet dann e Sonndeg och 140.000 Maske confisquéiert, déi um Schwaarzmaart sollte verkaaft ginn. Den onéierleche Geschäftsmann gouf gepëtzt, wéi hien d'Maske vun engem Camion an en Haus zu St. Denis, nërdlech vu Paräis, wollt auslueden.