Schüler an Enseignantë vun Ofschlossklasse kënne Covid-19-Tester maachen
© Pixabay
Dat deelt den Educatiounsministère e Méindeg um offizielle Site mat.
Et gëtt domadder all Schüler an Enseignant vun enger Ofschlossklass d'Méiglechkeet ginn, sech op de Covid-19-Virus testen ze loossen. De 4. Mee solle jo genee dës Persounen nees mat der Schoul ufänken.
Wéi de Ministère schreift, wieren dës Tester wichteg, fir géint d'Ausbreedung vum Virus virzegoen. Jonk Leit, déi dacks nëmme ganz liicht oder keng Symptomer hunn, wëssen dohier a ville Fäll net, dass se de Virus hunn a Leit kënnen ustiechen. Mat Hëllef vun dësen Tester kéint ee sech a virun allem seng Matmënsche weider schützen.
D’Zil wier et, esou de Ministère weider, d’Ausbreedung vum Virus ze verhënneren a virun allem eeler Persounen, a Persoune mat Virerkrankunge virun dem Covid-19-Virus ze schützen.
Detailer, wou a wéini Schüler an Enseignanten sech kënnen teste loossen, fënnt een hei. Weider Informatiounen ginn et um Site vum Educatiounsministère.