Beim Encadrement vu Schüler mat spezifesche Besoine wieren déi aktuell Hygiènesmesurë méi schwéier ëmzesetzen.

Dofir bréicht een e bessert Konzept, wann d'Schoulen erëm opginn. Där Meenung sinn d'Enseignanten, déi mat Schüler mat spezifesche Besoinen schaffen. Et wier een net géint eng Reouverture, ma vill vum Ministère annoncéiert Mesurë wiere schwéier realiséierbar.

Dat schreift dat zoustännegt Syndikat SPEBS-CGFP an engem oppene Bréif e Méindeg un de Claude Meisch. An dësem Bréif riichte si e ganze Koup Froen a Fuerderungen un den Educatiounsminister, dee bis elo net op si zréckkomm wier.

D'Enseignantë fuerderen datt, anescht wéi bis ewell annoncéiert, alleguerten d'Zerwisser aus hirem Kompetenzberäich gläichzäiteg ulafen, an datt deen Ament, sou wéi an de Schoulen, e Roulement mat A- a B-Klassen en place gesat gëtt.

Grad am Encadrement vu Schüler mat spezifesche Besoine wier de "Social distancing" schwéier ëmsetzbar, well verschiddener zum Beispill net eleng kéinten iessen oder op d'Toilette goen. Hei wier d'Consigne bis elo, datt just d'Personal eng Mask misst undoen - do géif ee sech froen, wéi d'Sécherheet vum Personal dee Moment kéint garantéiert ginn. Si froe sech och, wéi si mat Kanner, déi net gutt oder guer net héieren, mat engem Mask schaffe sollen, wann dës fir d'Verstoen drop ugewise sinn, de Mond ze gesinn.

Bei klenge Kanner mat spezifesche Besoine wier en adaptéiert Encadrement am Respekt vun den Hygiènesmoossnamen onméiglech, esou d'Gewerkschaft, déi dofir fuerdert, datt de Cycle 1 zoubleift.

Et géif och net an alle Kompetenzzenter waarmt Waasser ginn, fir d'Hänn ze wäschen, op hei Adaptatioune bei den Infrastrukture géife kommen. Iwwerdeems ass et d'Fuerderung, vu professionelle Botzekippen ënnerstëtzt ze ginn an d'Méiglechkeet ze schafen, d'Enseignanten an d'Schüler reegelméisseg ze testen.

D'Enseignantë froe sech och, ob déi Schüler, déi zum Deel an de Kompetenzzenter an zum Deel a Klassen an der Reegelschoul sinn, nach an hir Klassen duerfen.