Ier den Delai fir d'Beäntwerte vun 3 parlamentaresche Froen ofgelaf ass, huet de Staatsministère d'Zesummesetzung vun den Aarbechtsgruppe bekannt gemaach.

Dat nom politeschen Drock vun der Oppositioun. Dat sinn d'Aarbechtsgruppen, déi un der Exit-Strategie, respektiv an der Lutte géint d'Corona-Virus-Epidemie schaffen. Nach an engem Interview mam Wort wollt de Staatsminister Bettel dës Leit aus "Grënn vun Dateschutz" net nennen.

Aus den Organigrammen, déi bekannt gemaach goufen, geet ervir, datt 15 Leit am noen Ëmfeld vun der Regierung beroden a schaffen an datt an den 3 Task-Forcen nach eemol eng ronn 110 Persounen u Konzepter an Organisatoreschem schaffen.

Direkt un der Exit-Strategie schafft en interministerielle Grupp mat enger hallwer Dosen héije Beamten aus 3 Ministère mam Luc Feller, den Doktere Schmit an Dentzer, Anne Calteux, Paul Konsbruck a Romain Martin.

Bekannt war eenzeg an eleng bis lo d'Zesummesetzung vum ad hoc Aarbechtsgrupp Covid19 mat 8 Vertrieder aus der Zivilgesellschaft wéi dem Luc Frieden, Gilbert Pregno, Claudia Monti, Nora Back an Alexa Ballmann, fir nëmmen si ze nennen.

Da ginn et 3 Cellullen, déi eegen Organigrammer hunn, wouvunner déi wichtegsten d'Krisen-Zell ass mat Paulette Lenert an dem Luc Feller un der Spëtzt. Hinnen ënnersteet eng Gouvernance an de Beräicher Logistik, Kommunikatioun, der nationaler Medezin an dem Monitoring mat Leit wéi den Dokteren Schmit an Dentzer, Gilles Feith, dem Lieutnant-Colonel Christian Simon oder och dem nationale medezinesche Coordinateur Alain Schmit.

An den 3 Aarbechtsgruppe si wéi gesot 110 Leit aktiv, dorënner d'Hallschent an der Logistik, fir am Ausland medezinescht Material a Protektiounsmasken ze beschafen. D'Coordinatioun vun dëser Cellule hunn Xavier Poos, Christian Simon an Gilles Feith.

D'Fro vun der Oppositioun huet awer och ëm extern Consultante gedréit: där zielt d'Regierung eng Dosen op, déi zum Deel Kontrakter hunn, a fir Audit- a Consulting-Firmen schaffe wéi PWC (Viola Fontanini, Pascal Langrenay, Elena Emrick, Xiaoyan Huang), Deloitte (Pol Masanas Amer) oder och a Pensioun sinn wéi den Dokter Nathan oder de Consultant Marc Schlim.

Dës extern Leit schaffe fir d'Krisen-Cellule an d'Task Forces Logistik a Monitoring.