De Premier war en Dënschdeg den Owend den Invité vum Mariette Zenners am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

Wann d'Zuelen net nees méi schlecht ginn, da kéinten och déi kleng Commercen den 11. Mee hir Dieren nees opmaachen, verschidde Sportaarte wären nees erlaabt an de Mot d'Ordre "Bleif Doheem" géif opgehuewe ginn. Zu dësem Zäitpunkt wär et awer nach ze fréi, fir dës Annonce ze maachen, dat sot de Premier Xavier Bettel am RTL-Interview op der Tëlee.

Xavier Bettel am RTL-Interview/Reportage Pierre Jans

Annoncéiert d'Lëtzebuerger Regierung fir den 11. Mee gréisser Mesurë vum Deconfinement, esou ewéi déi franséisch Regierung et en Dënschdeg virgemaach huet? Am RTL-Interview huet de Premier Xavier Bettel gesot, et wär nach ze fréi, fir konkret op dës Fro ze äntweren. Allerdéngs huet hien duerchblécke gelooss, wat den 11. Mee nees kéint opgoen: kleng Commercen an Anlagen, fir individuell Sport ze maachen. D'Regierung ass am Gaang, verschidden Ouverturen ze analyséieren, huet de Staatsminister confirméiert. Iwwerdeems kéinten d'Ausgangslimitatiounen och méi labber gemaach ginn. De Xavier Bettel huet awer evitéiert, eng kloer Annonce ze maachen, dat wär dësen Ament nach irresponsabel.

D'Regierung wéilt nämlech ofwaarden, wéi een Impakt d'Ouverture den 20. Abrëll vun den Chantieren a gréisser Geschäfter ewéi de Baumäert hat. D'Inkubatiounszäit vum Virus läit jo bei zwou Wochen. Deemno kéint de Premier eréischt an den nächsten Deeg weider Schrëtt vum Deconfinement annoncéieren. Et wéilt ee sécher sinn, dass d'Zuel vun neien Infektiounen net nees eropgoung.

Nach méi virsiichteg war de Premier beim Horesca-Secteur. Wéini kënnen d'Restauranten, d'Caféen an d'Hoteller nees opmaachen? A Frankräich an an der Belsch schwätzt d'Politik vun uganks Juni. Vum Xavier Bettel gouf et keen Indice, wéini dass dat zu Lëtzebuerg kéint de Fall sinn.

Groussflächeg Tester

Vum 19. Mee u kënnen all d'Bierger an d'Frontalieren zu Lëtzebuerg sech fräiwëlleg op de Virus teste loossen. D'Schülerinnen a Schüler an d'Léierpersonal kënnen dat jo scho maachen. De Staat finanzéiert dës Aktioun mat 40 Milliounen Euro.

Dës groussflächeg Tester sinn awer net ausschlaggebend fir d'Fro, ob den 11. Mee Mesurë gelackert ginn oder net. Si wären e Complement an der Phase vum Confinement, seet de Premier Xavier Bettel. Et hätt ee jo ëmmerhi scho vill Resultater vu vergaangenen Tester, mat deenen een zum Beispill schonn déi éischt Tranche vum Deconfinement legitiméiere konnt. An deem Sënn soll ëmmer weider getest ginn, seet de Xavier Bettel.

Lëtzebuerg geet op de Wee vun engem analoge Suivi, betount de Premier. Déi zoustänneg Ekipp kéint den Tracing vu positiv geteste Mënsche iwwer Telefon garantéieren, wann et maximal 240 Nei-Infektiounen den Dag gëtt. Et wär eng falsch Assurance ze mengen, déi sougenannt Tracing-Appen um Handy wäre sécher, betount de Xavier Bettel. D'Regierung ass also nach ëmmer géint d'Aféiere vun esou enger App. Den Dateschutz hätt Prioritéit.

Commerce

De Staat hätt elo schonn 2 Milliarden, vun deenen am ganzen 9 Milliarden Euro, deblockéiert, fir der Wirtschaft ënnert d'Äerm ze gräifen. Et géif ee weider dru schaffen, jidderengem, deen a Schwieregkeeten ass, ze hëllefen. De Xavier Bettel wollt en Zeeche setzen an huet gesot, dass am nächste Staatsbudget net ewéi geplangt e Plus vun 800 Milliounen Euro stoe wäert, mä en Defizit am Milliardeberäich.

Och d'Luxair knat nawell ferm un der Kris. De Fluchhafe wäert op alle Fall och den 11. Mee nach net nees opgoen, huet de Staatsminister betount.

D'Summervakanz riskéiert an d'Waasser ze falen. Ob a wéi een eventuell an d'Ausland reese kann, dat hänkt vun all Regierung eenzel of. D'EU-Kommissioun gouf awer domat beoptraagt, bei all Memberland de Bols ze fillen, erkläert de Xavier Bettel.

Gesondheet

Ënner strengen Oploen dierfen eeler Leit am Altersheem nees Besuch kréien a vum 4. Mee un dierfen och Dokteren nees Patienten an hirer Praxis empfänken. Dat alles wäre Mesuren, fir Kollateralschied z'evitéieren, erkläert de Xavier Bettel. Et géif drëms goen, ze verhënneren, dass d'gesondheetlech Schied duerch de Confinement um Enn méi grouss wären ewéi déi duerch de Virus selwer.