Et gouf vill Luef, Kritik awer och Warnunge vum OGBL, op enger éischter ongewinnter Versioun vun der 1. Mee Feier.

Iwwer Video-Stream huet d'Presidentin Nora Back virun allem déi séier an adequat Mesure vun der Regierung gelueft, déi et bis ewell erméiglech hunn eng gewësse sozial Sécherheet ze garantéieren. Ma et wier schockant, datt Gewerkschafte beim plange vun der Exit-Strategie net u Bord geholl goufen.

Nora Back:Mir fuerdere vun Ufank un en Aberuffe vun enger nationaler Tripartite. Am Ufank hu mer gesot kritt, et wier elo net de Moment, et hätt een elo aner Suergen. Den Austausch deen duerno stattfonnt huet war ëmmer mat eenzele Ministeren. Dat war och wichteg a gutt.

Mä elo musse mir an der Presse liesen, datt eng Taskforce Exit tagt. D’Exitstrategie. Déi wéinst därer mer wollten eng Tripartite. Déi gëtt elo an enger Taskforce diskutéiert, wou net ee Salariatsvertrieder dran ass. An dat ass inakzeptabel.“

Hei wier et virun allem wichteg de Chômage Partielle net direkt nom opléise vum Etat de Crise ofzeschafen. Well genee dës géife Leit déi schaffen an hire Familljen och an der kommenden, finanziell schwieregen Zäiten ënnerstëtzen. Et dierft een op kee Fall déi nämmlecht Feeler ewéi 2008/2009 maachen.

Nora Back:Den OGBL akzeptéiert kee Réckfall an eng Austeritéitspolitik hei am Land. Déi Politik, mat hire fatale wirtschaftlechen a soziale Konsequenzen op ganz Europa huet gewisen, datt se di falsch ass.

Kritik gouf et och un der Maximalaarbechtszäit vu 12 Stonnen. Hei fäert den OGBL datt dës Mesure kéint op Käschte vum Personal ausgenotzt ginn.

Nora Back:Dat war an eisen Aen definitiv eng Feelentscheedung an eng onnéideg Mesure, déi just zu Laaschten ass vun deene Salariéen déi haut schonn ënnert Extreme Bedingunge mussen all Dag schaffe goen.

Ausserdeem war et eng Mesure déi verschidde Patronen op de Goût bruet huet an dozou verleet och an anere Secteuren Demanden ze maachen, respektiv ze mengen et kéint elo esou weidergoen.“

Et wier imminent fir den OGBL, datt dës Mesure direkt no der Kris nees verschwënnt, esou nach d'Nora Back.

D'Ried vum Nora Back am Replay