Déi national Schülerkonferenz, och CNEL genannt, gesäit eng Rei Problemer bei der Schoulrentrée am Mee an de Lycéeën.

D'Schüler stelle sech nämlech eng Partie Froen an hu Bedenke fir d'Zukunft. Ënnert anerem, wat den ëffentlechen Transport, d'Klassenopdeelung an d'Testzenteren ugeet. Dowéinst wënsche sech d'Schüler nach méi Transparenz a Kloerheet. Virun allem stellt d'CNEL sech d'Fro, wéi d'Schüler am ëffentlechen Transport déi néideg Sécherheetsmesurë kënnen anhalen. Dowéinst fuerdert déi national Schülerkonferenz, datt an Zukunft geziilt méi eng grouss Offer vun Transportmëttel agesat ginn. Besonnesch d'Primaner missten déi nämmlecht Offer kréien ewéi virun der Kris.

Vill Schüler géife sech och d'Fro stellen, wéi d'Opdeelung vun de Klasse gereegelt gëtt. Eng Rei Schoulen hätten dat de Schüler scho matgedeelt, anerer nach guer net, wat fir Veronsécherunge bei de Schüler suergt. Eng grouss Onkloerheet ass, wéi d'Klasse gespléckt ginn.

Eng weider Kritik gëtt et bei den Testzenteren. D'Testzentere fir Primaner géifen nämlech net no bei de Schoule leien. Beispillsweis missten d'Premièresschüler aus der Stad bis op Jonglënster oder Käerjeng fueren. Donieft hätt net all Schüler een Auto oder e Führerschäin. Dowéinst wéilt een, datt d'Schüler a méi Testzentere kënne getest ginn.

Och wat d'Sécherheetsofstänn an de Schoulen ugeet, maache sech d'Schüler Suergen. Se fäerten, datt et schwiereg wäert ginn, d'Sécherheetsofstänn an de Gäng virun an no de Coursen anzehalen.

Um 4. Mee - Schoule ginn nees lues a lues op

No 7 Woche, gi jo vun dësem Méindeg un d'Schoulen nees an Etappen op. Den Ufank maachen d'Ofschlossklassen, dat natierlech ënner strengen Sécherheetsmesuren wéinst der Corona-Kris.  Nächste Méindeg ass et um Rescht vun de Lycéesschüler. De 25. Mee dann, maachen och d'Grondschoulen hir Dieren nees op.

Et ass keng ganz onëmstridde Rentrée. Elteren, Schüler an och Enseignanten no, wieren nach ze vill Froen op gewiescht.