Et war e rouegt Bild bei de Generalisten e Méindeg. D'Zuel vun de Patiente gëtt op en absolute Minimum reduzéiert.

E Méindeg sinn dann och, änlech wéi an de Spideeler, bei den Dokteren am Cabinet d'Net-Covid-Aktivitéiten erëm ugelaf. Wéi virun der Kris gesäit et an den Cabineten awer trotzdeem net aus: net méi ewéi eng Persoun an der Sall d'Attente. De gréissten Deel vun de Consultatioune gi weider iwwert Telefon gemaach. Déi direkt Consultatioune bléiwe fir déi nächst emol nach limitéiert. Dr. Hirsa Farghadani: „Et ass zwar den éischten Dag, mä mir maache quasi 99% vun de Consultatioune weider iwwer Telefon. Ech hunn haut just 2 Patienten a Persoun gesinn.“

Virun allem den Triage géif den Ament am Fokus leien. Bei deem, wou eng éischt Télé-Consultatioun net duer geet, soll net fäerten, bei den Dokter ze fueren: „Mir haten de Fall mat enger Patienten déi iwwer Téléconsultatioun behandelt gouf. An du bei eis komm ass, fir datt mir se an d'Spidol geschéckt hunn, fir operéiert ze ginn. Soss wier se warscheinlech kuerz drop an d'Urgence ageliwwert ginn.“

Och bei den Zänndokteren ass et den Ament an der Praxis roueg. Dat huet awer en anere Grond. Zwar schellt den Telefon ouni Ënnerbriechung. Ma bei all Rendez-vous ginn an der Moyenne 30 Minutte bäi gerechent. Den Zänndokter Mauro Seabra: „Éischtens musse mer de Sall ganz gutt lëften tëscht all Patient, dat fir e Minimum vu 15 Minutten. Da kënnt nach déi ganz Zäit, déi mer verléieren duerch d'botzen a desinfizéieren. Da leie mer séier bei 30 Minutten.“

Et gëllt och ze garantéieren, datt d'Clienten ouni Kontakt laanschtenee kommen. Um Enn vum Dag heescht dat awer 70% manner Visitten.

E Réckgang spiert een hei bei de Generalisten éischter manner. Ma an engem nächste Schrëtt hofft een och nom Confinement mat der Téléconsultatioun weiderfueren ze dierfen.

Dr. Patrick Tabouring: „Bei der Téléconsultatioun war ugangs gesot ginn: passt op, dat gëtt direkt ewech geholl, wann mer et net méi brauchen. Dat wär Schued. Mir schwätzen an Zäite vun artificieller Intelligenz doriwwer, de ganze Secteur virzebereeden. Elo hätte mer d'Méiglechkeet, en Iwwergang ze maachen. Ech fannen, et soll een déi a vill aner Méiglechkeeten notzen, fir de Service ze verbesseren.“