"Schoule mussen nees virun der Summervakanz opgoen"
D'Schoule mussen nees virun der Summervakanz opgoen – do ware sech all d'Parteien an der Chamber eens. Mä et ginn Nuancen tëscht de Fraktiounen.
D'ADR géif sech eng duebel Offer wënschen, also och - nieft dem Unterrecht an der Schoul - d'Méiglechkeet, fir mam Homeschooling weiderzefueren an net an d'Schoul ze goen.
Fir déi Lénk kéint et manner autoritär lafen, mat méi Eegeverantwortung an och d'Pirate kéinte sech am Cycle 1 zum Beispill eng Fräiwëllegkeet virstellen. Och fir d'CSV ass et keng Optioun, d'Schoulen zouzeloossen, bis de Virus verschwonnen ass. Eng Rei Detailfroe wieren awer nach ze klären, seet d'Fraktiounscheffin Martine Hansen. Et hätt een den Terrain, d'Gewerkschaften, méi am Virfeld misse mat abannen an d'Verantwortung géif ze vill op d'Gemengen ofgewälzt ginn.
D'CSV huet och eng Motioun agereecht, fir Beweegung a Sport an der Schoul ze fërderen. 5 Stonnen um Stull sëtze bleiwen wär net gutt. Et wär dat falscht Signal, fir de Sport ze sträichen.
D'Majoritéitsparteie stéiere sech manner un den Detailer, déi nach ze kläre bleiwen.
D'Kanner géifen hir Frënn brauchen, huet de liberale Fraktiounschef Gilles Baum ënnerstrach. Fir d'DP misst et e propperen Ofschloss gi vum Schouljoer an eng gutt Rentrée misst preparéiert ginn. Et wär och absolut falsch, fir de Cycle 1 zouzeloossen, wéi dacks proposéiert gëtt. Dee wär enorm wichteg, fir d'Alphabetisatioun op Däitsch dono kënnen ze meeschteren.
Och d'LSAP ënnerstëtzt den Educatiounsminister voll a ganz. Et wär remarkabel, wat geleescht gëtt. Et wär wichteg, datt nees Schoul an der Schoul gehale gëtt, sou d'Francine Closener. Online-Teaching kéint Schoul halen net ersetzen an Eltere wieren och keng Pädagogen.
Et misst een un d'Kannerrechter denken, huet d'Josée Lorsché vun déi Gréng erënnert. Dofir missten d'Schoulen nees opgoen. E Léieren doheem an der Isolatioun kéint den Unterrecht an der Schoul net ersetzen.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet op d'Remarke vun den Deputéierte reagéiert. Et wier e „stengege Wee, mä mir mussen en awer goen“, sot den DP-Minister. Hien hätt vill consultéiert, vill Gespréicher gehat, d'Suergen eescht geholl, mä net allem hätt ee kënne Rechnung droen. Een Haaptzil wär et: d'Schouljoer propper ofzeschléissen.
Iwwert de Schoulsport wëll de Minister an der Chamberkommissioun diskutéieren. Dat misst een zesumme mat der Santé ausschaffen. Doriwwer eraus war et d'Ausso vum Claude Meisch, fir an der Betreiungszäit an am Cycle 1, wann et nëmme geet, erauszegoen an do Aktivitéiten ze maachen.
Nach vill Froen op no der Sëtzung vun der Chamberkommissioun (a virun der Chamberdebatt)
Ier an der Chamber eng Aktualitéitsstonn iwwer d'progressiv Reprise an de Schoulen war, war déi zoustänneg Chamberkommissioun nach mol dowéinst beieneen.
No där Sëtzung sot d'Martine Hansen, et hätt een do déiselwecht Explikatioune kritt wéi um Dënschdeg op der Pressekonferenz vum Minister Claude Meisch mam Syvicol. Zum Beispill géif sech awer nach d'Fro stellen nom Congé pour raisons familiales fir déi Elteren, déi Kanner vu méi wéi 3 Joer hunn an déi bis elo nach net an d'Crèche goungen:
"...ob déi dann elo an Zukunft kéinte bei d'Bomi oder de Bopi goen oder ob déi dann awer mussen an eng Crèche goen. Ben, do sot den Här Minister, hie wär u sech do déi falsch Ulafstell, ob se elo däerfe bei d'Bomi oder de Bopi goen: Dat wär jo éischter dann d'Familljeministesch. Dat sinn natierlech Saachen, déi eis net zefriddestellen, well mer einfach denken, d'Elteren, déi verantwortungsvoll sinn, déi wëlle jo elo gär plangen a si hätten elo gär Planungssécherheet. An déi mussen dann och wëssen, wou ginn ech meng Kanner hin, wa kee Congé pour raisons familiales méi do ass. Respektiv déi aner Fro, déi ee sech ka stellen, ass: Dee Congé pour raisons familiales, wéi laang kann en iwwerhaapt bäibehale ginn? Dee gëtt jo elo an Ausnamesituatiounen, zum Beispill fir déi Eltere mat Kanner ënner 3 Joer, jo elo mol nach verlängert, wann d'Schoul ugeet. Mä gëtt dee bis an den Hierscht era verlängert, wéi laang bleift dee bestoen, dat wësse mer net.“
Dozou wär awer keng Ausso gemaach ginn, sou d'CSV-Fraktiounspresidentin. Dem Minister no missten d'Gemengen och dofir suergen, dass genuch Personal do ass fir den Accueil an d'Stonnen, wat awer de Moment nach net de Fall wär; de Ministère wéilt do hëllefen, mä et géif nach keng komplett Kloerheet ginn. Et stéingen deemno nach Froen op, déi d'nächst Woch misste gekläert ginn, fir dass d'Elteren an d'Enseignantë Sécherheeten hunn, wann d'Schoul ugeet, huet d'Martine Hansen erkläert.
Fir de Fernand Kartheiser géifen de Minister a seng Ekipp sécher vill Aarbecht an déi Form vu Rentrée stiechen, déi de Claude Meisch elo wéilt; d'Situatioun wär awer gekennzeechent duerch eng „Navigation à vue“. Vill Froe wären nëmmen hallef beäntwert, anerer géifen an der Loft hänken a bei nach anere wären nach Consultatiounen am Gaang:
"De Gesamtandrock ass deen, dass déi Rentrée, mat allen Efforte vu villen Acteuren a villem gudde Wëllen, deen do dra gestach gëtt, dach eng Improvisatioun bleift. A mir als adr, mir haten eng aner Positioun, déi hu mer och bekannt ginn: Mir wären der Meenung gewiescht, mir sollten elo d'Rentrée fräiwëlleg maachen an eréischt am September erëm eng Flichtpresenz an de Schoulen, wat eis erlaabt hätt, einfach méi Zäit ze hunn, fir dat richteg virzebereeden. Dat heiten ass eng Improvisatioun.“
Och wären, wéi den adr-Deputéierte betount huet, nach vill Saachen onkloer, wat d'Säll an d'Personal an der Grondschoul ugeet; de Minister wéisst net, wéi vill Personal zur Verfügung stéing a wéi eng Säll kéinte benotzt ginn. Et wär warscheinlech net déi richteg Approche gewiescht, fir elo jiddereen an d'Schoul kommen ze loossen, ma d'Regierung misst de Leit Sécherheete ginn, huet de Fernand Kartheiser gemengt.