Grouss Erausfuerderung fir d'Gemengen an d'Schoulpersonal
An den zwou gréisste Gemengen hei am Land gëtt op Héichtoure geschafft, fir d’Sécherheetsmossnamen ëmzesetzen an d’Rentrée beschtméiglech ze organiséieren
D’Stater Buergermeeschtesch rechent a Klassen (358), den Escher Buergermeeschter a Schüler (ronn 3.600). Béid Gemenge fänken elo un, d’Sécherheetsmesuren en place ze setzen: zu Esch ginn zum Beispill scho Feiler opgepecht, fir d’Schüler ze dirigéieren. Den Escher Buergermeeschter, Georges Mischo: "Et ginn esouwuel weider Seefespender opgestallt, et ginn Desinfektiounsmëttel opgestallt, eis Säll gi gebotzt an desinfizéiert, et ginn eng ganz Rei Bänken erausgeholl, et dierfe just 10 Bänke pro Klassesall stoen, natierlech mat 2-Meter-Ofstand."
Genuch Klassesäll, fir alleguer d’Schüler a getrennte Klassen ze encadréieren, hätt een zu Esch net, do wéilt een op den Theater an op Sportshalen zeréckgräifen. Och an der Stad sollen d’Turnsäll genotzt ginn.
D'Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer: "Ech gi schonn dovun aus, datt mir genuch Raim fannen, mee effektiv eben och vläicht a Schoulen. déi fir de Moment eidel stinn, ech denken do zum Beispill un d'Neiduerfer Schoul oder eben och un d'Centres culturels, déi just nieft der Schoul sinn, dat ass zum Beispill de Fall zu Hollerech."
Well verschidde Klasse manner wéi 10 Schüler hätten, bréicht een awer net grad duebel sou vill Säll, esou d’Stater Buergermeeschtesch.
D’Plazen an de Betreiungsstrukture sinn e weideren Defi. Verschidde Kanner, déi bis elo vun de Grousseltere versuergt goufen, solle jo am Prinzip an der Maison relais kënnen ënnerkommen.
De Georges Mischo: "Bei eis zu Esch wäert dat sécher net méiglech sinn, well mir hu vum fréiere Schäfferot 800 Kanner, déi keng Plaze kritt hunn, gierft an dat ass natierlech enorm a mir musse kucken, datt mer dat iergendwéi elo esou gutt wéi méiglech preparéiert kréien, wat natierlech gutt ass, datt de Syvicol sech duerchgesat kritt huet beim Minister, fir de Congé pour raisons familiales trotzdeem duerchzesetzen."
Vun e Mëttwoch u sollen d’Elteren hir Besoinen a Präferenzen iwwert e Formulaire matdeelen, ugangs nächster Woch wëllen d’Gemengen dann e bessert Bild hunn, fir d’Rentrée z’organiséieren.
Dee Moment kéint een och an der Stad Lëtzebuerg aschätzen, op een déi Kanner, déi virdrun net an de Betreiungsstrukture waren, alleguer ënnerkréich, esou d’Lydie Polfer.